Aitne (Mound)

Jupitermound


Den Aitne (och Jupiter XXXI) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Aitne
(Jupiter XXXI)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2001 J 11
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.229.000 km
Periapsis 15.870.053 km
Apoapsis 30.587.947 km
Exzentrizitéit 0,3168
Ëmlafzäit 730,18 Deeg
Ëmlafvitess 2,31 km/s
Inklinatioun 165,091°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 3 km
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,7
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 9. Dezember 2001

Entdeckung änneren

Den Aitne gouf den 9. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut déi virleefeg Bezeechnung S/2001 J 11.

De Mound gouf no der Gëttin Aitne aus der griichescher Mythologie genannt.

Bunndonnéeën änneren

Den Aitne kreest a 730 Deeg, 4 Stonnen an 19 Minutten op enger mëtteler Distanz vun 23.229.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2643. Mat enger Schréi vun 165,091° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Duerch seng Bunneegenschafte gëtt de Mound Aitne der Carme-Grupp, genannt nom Jupitermound Carme, zougeschriwwen.

Physikalesch Donnéeën änneren

Den Aitne huet e mëttleren Duerchmiesser vu ronn 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hie besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. Den Aitne huet eng ganz däischter Uewerfläch an eng Albedo vun 0,04.

Um Spaweck änneren