Acamar (Stär)
Stär am Stärebild Eridanus
Den Acamar (och Akamar bezeechent) ass de Stär θ Eridani am Stärebild Eridanus. Den Numm bedeit "Enn vum Floss".
Den Acamar ass en Duebelstär. Hie besteet aus engem +3,3mag hellen Haaptstär mat der Spektralklass A4 an engem Begleeder vun der Spektralklass A1 mat enger Hellegkeet vu +4,4m. De Wénkelofstand vu béide Stären ass 8,2 "e grouss. Den Acamar huet no der Hipparcos- Duerchmusterung eng Distanz vun 163 Liichtjoer (50 Parsec) zu eiser Äerd