D'RGTR-Linn 167 gëtt et zanter dem 14. Mäerz 2016 net méi.

Déi fréier Linn 167 bei den Dräi Tierm
Bustyp Gelenkbus
Bedreiwer RGTR
Trajet Izeg - Lëtzebuerg / Zens
Bemierkung Kombilinn mat
der AVL-Linn 9
Terminus 1
Numm Itzig, Hubertuspad
Koordinaten 49° 35’ 14.3’’ N 06° 10’ 10.9’’ O
Terminus 2
Numm Zens, Waassertuerm
Koordinaten 49° 37’ 14.2’’ N 06° 10’ 57.8’’ O
Aller
Längt 21,28 km
Fuerzäit 53 Min.
Halten 33
Retour
Längt 20,19 km
Fuerzäit 50 Min.
Halten 33
Takt
Méindes-Freides 30 Min.
Samschdeg 30 Min.
Sonndeg 120 Min.

Entwécklung vun der Linn 167 änneren

Tëscht dem 1. Juni 2015 an dem 14. Mäerz 2016 ass d'Linn 167 um Trajet Izeg - Lëtzebuerg / Gare - Uewerstad - Clausen - Neiduerf - Zens an der Woch (vu méindes bis samschdes) all 30 Minutten a sonndes all zwou Stonnen gefuer.

Duerch eng Kooperatioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Nohaltegkeetsministère ass se um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg - d. h. tëscht der Halt Neufchâteau an dem Terminus Zens, Waassertuerm - zesumme mat der RGTR-Linn 195 als stättesch Linn 9. D'Fuerpläng vun den zwou RGTR-Linne waren esou versat, datt um gemeinsamen Trajet (Linn 9) an der Woch all 15 Minutten e Bus gefuer ass. D'Busse vun dëser sougenannter "Kombilinn" hunn och déi zwou Linnennummeren 9/167 oder 9/195 ugewisen.

An der Stad fiert elo d'AVL-Linn 9 als eegestänneg Linn an de südlechen Deel vun der fréierer Linn 167 ass vun der Linn 144 iwwerholl ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ligne 167 (RGTR) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren