Den 2018 LA (och als ZLAF9B2 bezeechent) war e klengen Asteroid vum Typ Apollo. Hien hat en Duerchmiesser vun ca. 2–3 Meter an ass den 2. Juni 2018 um 16:44 UTC (18:44 Uertszäit) no bei der Grenz tëscht Botswana a Südafrika an d'Äerdatmosphär agetrueden. Den Asteroid gouf nëmmen 8 Stonne virdru vun engem Instrument vum Mount Lemmon Survey entdeckt. Aus enger Observatiounsdauer vun 1,5 Stonne gouf berechent, datt den Objet mat enger 85 %-Chance d'Äerd treffe wäert. Mat der Entdeckung vum 2018 LA ass et erréischt fir drëtt Kéier gelongen, en Asteroid op enger Bunn ze fannen, op där hie mat der Äerd kollidéiert huet.

2018 LA
Orbit a Positioun 30 Deeg virun der Kollisioun
Orbittyp Apollo
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 1,3764 ± 0,0017 A.E.
PerihelAphel 0,7820 ± 0,0002 – 1,9709 ± 0,0025 AE
Exzentrizitéit 0,4319 ± 0,0009
Inklinatioun 4,2975 ± 0,0043 Grad
Peridatum 26. Juli 2018
Sideresch Ëmlafzäit 589,8450 ± 1,101 a
Mëttel Bunnvitess ? km/s
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 2 – 3 m
Mass ?
Albedo
Mëttel Dicht ?
Rotatiounsperiod h
Absolut Hellegkeet 30,554
Spektralklass
Entdeckung
Entdecker Mount Lemmon Survey
Datum 2. Juni 2018
Plaz Mount Lemmon Observatoire
Aner Bezeechnung ZLAF9B2

Spéider krut d'American Meteor Society e Bericht, datt en Observateur am Botswana en helle Feierball gesinn hat.

Entdeckung änneren

Den 2. Juni 2018, géint 8:22 UTC gouf vum Mount Lemmon Survey en Asteroid mat enger visueller Hellegkeet vun 18m entdeckt, dee sech ganz séier virun den Hannergrondstäre beweegt huet. Den Objet gouf am Ufank 15 Minutte laang observéiert. Déi Observatioun krut de Minor Planet Center matgedeelt an den Objet gouf iwwer eng weider Stonn verfollegt.

Meteorittefond änneren

No Berechnungen, déi ënner anerem de Peter Jenniskens gemaach huet, konnt no enger Sich vun e puer Deeg den 23. Juni en éischte Meteorit an der Kalahari-Wüst am Botswana fonnt ginn.

 
Vum JPL berechente Bou vun der Bunn

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: 2018 LA – Biller, Videoen oder Audiodateien