De Mount Lemmon Survey (MLS) ass Bestanddeel vum Catalina Sky Survey. D'Haaptaufgab ass d'Sich no Äerdnoen Objeten (NEO) a potentiell geféierlechen Asteroiden (potentially hazardous asteroid, och PHAs genannt). Dat dofir gebrauchten Instrument ass een um Mount Lemmon installéiert 152 cm Cassegrain-Teleskop.

De 7. Oktober 2008 koum et duerch den italieeneschen Astronomen Andrea Boattini zu enger zufälleger Erëmentdeckung vum „verluerene“ Koméit 206P/Barnard-Boattini[1]. De Koméit hat zanter senger Éischttentdeckung den 13. Oktober 1892 zwanzeg Ëmleef zeréckgeluecht an dobäi an de Joren 1922, 1934 an 2005 de Jupiter op Distanzen tëscht 0,3 an 0,4 AE passéiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. 206P at Garry Kronk’s Cometography