Den Théodore Zephyrin Biever, gebuer de 6. August 1849 um Lampertsbierg[1][2] (deemools Gemeng Rollengergronn) a gestuerwen de 27. Juli 1915 zu Larnaca[2] op Zypern, war e lëtzebuergeschen Dominikanerpater.

Zephyrin Biever
Gebuer 6. August 1849
Lampertsbierg
Gestuerwen 27. Juli 1915
Nationalitéit Lëtzebuerg
Famill
Geschwëster Albert Biever

Hien ass virun allem bekannt als Missionnaire a Palestina, wou hien an der Géigend vum Séi Genezareth eng landwirtschaftlech Kolonie fir däitsch Auswanderer opgebaut, Schoule fir arabesch Chrëschten, an eng Auberge fir Pilger amenagéiert huet.

Säi Liewen änneren

Kandheet a Studien änneren

Den Zephyrin Biever war dat eelst vun de fënnef Kanner vum Theodor Biever an der Elisabeth Hoffalt. Säi jéngste Brudder Albert (1858-1934) gouf Jesuitt a war Grënner vun der Jesuittenuniversitéit vun New Orleans.

No senger Première (1868) am Stater Kolléisch a sengem Studium am Seminaire an der Stad Lëtzebuerg gouf den Zephyrin Biever de 14. August 1872 vum Bëschof Nicolas Adames zum Priister geweit. Duerno war hie Kaploun zu Iechternach (bis 1875).

Éischten Openthalt a Palestina änneren

1874 hat hien zu Lëtzebuerg de Stroossbuerger Jesuittepater Alphonse Ratisbonne (1814-1884) kennegeléiert, vun deem hie sech fir d'Missiounsaktivitéit a Palestina begeeschtere gelooss huet.

Zesumme mam deemolege Kaploun Pierre Boever ass de Biever a Palestina gezunn, wou si de 4. Abrëll 1876 ukoumen. De Biever gouf Member vun der Kongregatioun Notre-Dame de Sion an huet am Institut St-Pierre, enger Beruffsschoul fir Jongen zu Jerusalem enseignéiert,[3] 1879 gouf hien Direkter vun där Schoul.

1879 huet hien eng Rees an d'USA gemaach, wou hie Sue fir d'Missiounsaarbecht am Hellege Land gesammelt huet.

De Ratisbonne hat sech gewënscht, datt de Pater Biever seng Nofolleg an der Missioun a Palestina sollt iwwerhuelen. Déi franséisch Pateren hu sech deem awer nom Doud vum Ratisbonne (1884) widdersat an déi zwéi Lëtzebuerger, de Biever an de Boever, aus der Kongregatioun ausgeschloss. De Jesuitt Boever ass an de Libanon gezunn an de Biever ass zeréck op Lëtzebuerg gaangen, wou e Paschtouer an der Par Léiweng gouf.

Zweeten Openthalt a Palestina änneren

Zwéi Joer duerno (1886) ass hie vu Lëtzebuerg nees op Jerusalem gereest, déi Kéier zesumme mam Joseph Weynandt, e Laiemissionnär vu Kolpech. Zu Jerusalem gouf de Pater Biever an de Klerus vum laténgesche Patriarchat vu Jerusalem opgeholl an huet d'Par Madaba (am haitege Jordanien) betreit, wou vill chrëschtlech Beduinen an der Wüst gelieft hunn. De Biever huet sech de Leit ugepasst an dofir de gréissten Deel vum Joer an engem Zelt gelieft. De Jos Weynandt huet him als Koschter an am Stot gehollef.

Kolonie, Missiounsstatioun an Auberge fir Pilger um Séi Genezareth änneren

 
D'Auberge fir Pilger virun 1937, vum Séi aus gekuckt.
 
D'Auberge fir Pilger virun 1937, vum Nordwesten aus gesinn.
 
D'Auberge zu Tabgha am Joer 2010.

Den 2. Februar 1891 koum hien zesumme mam Jos Weynandt zu Tabgha, um Nordufer vum Séi Genezareth un, wou hien am Optrag vum Deutscher Verein vom Heiligen Lande e landwirtschaftleche Betrib opgebaut, deen als Kolonie fir däitsch-kathoulesch Auswanderer geplangt war. De Pater Biever krut déi Charge, well hien d'Sprooch an d'Gebräicher vun de Leit aus der Ëmgéigend kannt huet. Well awer nëmme véier Däitscher sech zu Tabgha installéiert haten, huet hien d'Baurewiese mat Hëllef vun Eenheemeschen ausgebaut. 1898 war de landwirtschaftlechen Deel vun der Siidlung ongeféier 200 Hektar grouss.

Vun 1895 un huet de Pater Biever Schoule fir arabesch Chrëschten aus den Nopeschdierfer an doriwwer eraus ageriicht a sech no an no ëmmer méi op déi Aarbecht konzentréiert.

Nieft senger Aktivitéit als Missionnaire huet de Pater Biever archeologesch Gruewungen an der Ëmgéigend vum Séi Genezareth ugereegt a gefërdert, do wou de Jesus vun Nazaret gewierkt hat a wou stengen Iwwerreschter aus där Zäit z'erwaarde waren, ënner anerem déi vu Kafarnaum.

Wéi ze gesi war, datt nëmme ganz wéineg däitsch Katholicke sech a Kolonien a Palestina installéiere wollten, huet de Pater Biever zu Tabgha ëm 1893 eng Auberge fir Pilger amenagéiert. Ënner deenen éischte Lëtzebuerger déi do passéiert sinn, war de Bëschof Koppes.

De 26. Oktober 1898 huet de Pater Biever den däitsche Keeser Wëllem II. am Numm vum Deutscher Verein vom Heiligen Lande zu Haifa begréisst a konnt hien iwwerzeegen d'Statioun zu Tabgha finanziell z'ennerstëtzen. Am Mee 1900 konnt de Biever de Karl May zu Tabgha empfänken[4].

Am Laf vun de Joren huet den Trägerveräin d'Kolonie an d'Auberge zu Tabgha ëmmer méi finanziell lénks leie gelooss, wat zu Konflikte mam Pater Biever gefouert huet. Den 1. Juli 1907 huet hien Tabgha verlooss a gouf Paschtouer an engem Duerf bei Betlehem.

Openthalt op Zypern änneren

1914 gouf de Pater Biever vum Patriarchat vu Jerusalem zum Generalvikar op Zypern genannt, dat well hien ee vun deene wéinege vum Patriarchat war, déi Englesch schwätze konnten. Kuerz duerno, de 27. Juli 1915 ass hien op Zypern gestuerwen. Hie gouf um kathoulesche Kierfecht zu Nikosia begruewen.

Tabgha nom Pater Biever sengem Doud änneren

1936 goufen, net wäit vun Tabgha ewech, kënschtleresch wäertvoll Mosaicker tëscht den Iwwerreschter vun enger byzantinischer Kierch aus dem 5. Joerhonnert n. Chr. fräigeluecht.

1939 hu Benediktiner vum Bierg Zion e klengt Klouschter op der Propriétéit zu Tabgha gegrënnt.

1948 koum d'Auberge zu Tabgha an de Besëtz vun den Israeelien an d'Benediktinerpateren hu missen d'Plaz verloossen. 1949 gouf d'Auberge als israeelesch Jugendherberg amenagéiert.

Vun 1980 bis 1982 huet den Deutscher Verein vom Heiligen Lande iwwer de Ruine vun der fréierer byzantinescher Kierch eng nei Kierch (Broutvermehrungskirche) am byzantinesche Stil baue gelooss, an déi och d'Mosaicker aus dem 5. Joerhonnert abezu goufen.

2002 gouf en neit Pilgerhaus zu Tabgha ageweit.

Literatur änneren

  • Blum, M., 1915. Theodor Zephyrin Biever, zeitlebens Missionar im hl. Land. Luxemburger Wort 1915, Nr. 286 (13. Oktober): 3-4; Nr. 288 (14. Oktober): 2-4.
  • Blum, M., 1968. Un Luxembourgeois prêtre en Terre sainte: l'abbé Zéphyrin Biever, 1849-1915. Traduction française: Michel Stempel. Luxembourg: Les Amis de la Terre sainte au Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 138 S.
  • Bost, B., 2012. Karl May und Luxemburg: Erster Biograph war Dr. Karl Lessel / Begegnung mit Pater Zephyrin Biever. Die Warte 2012, Nr. 11 (22. März): 6-8.
  • Bost, B., 2012. Pater Zephyrin Biever (1849-1915), Pionier des Projekts Tabgha. Die Warte 2012, Nr. 19 (14. Juni), S. 19.
  • Bost, B., 2015. Markante Figur: Zephyrin Biever aus Rollingergrund starb vor 100 Jahren als Generalvikar in Zypern. Lëtzebuerger Journal 2015, Nr. 171 (25. Juli), S. 15

Referenzen an Notten änneren

  1. Blum, M., 1981. ‘’Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus.’’ Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Kraus International Publications, München, vol. 1 (A-L), S. 65.
  2. 2,0 2,1 Blum 1915.
  3. Eent vun de Gebaier vun der Schoul gouf vun do u Kleng Lëtzebuerg genannt. (Bodo Bost 2012).
  4. Bost 2012 (béid Artikelen); kuckt och: Massard, J.A., 2011. Wie die Echternacher Wolfsschlucht zu ihrem Namen kam. Lëtzebuerger Journal 2011, Nr. 82 (28. Abrëll), S. 20-21. PDF (Text mat Foussnotten a Quellen, S. 9: PDF)