De Prosper-Mathieu Henry, gebuer den 10. Dezember 1849 a gestuerwen de 25. Juli 1903, a säi Budder Paul-Pierre Henry, ware franséisch Optiker an Astronomen.

Prosper-Mathieu Henry
Gebuer 10. Dezember 1849
Nanzeg
Gestuerwen 25. Juli 1903
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom
Famill
Geschwëster Paul-Pierre Henry

Nom Doud vum Jean Chacornac waren déi zwéi Bridder mat der Opstellung vu Stärekaarte beopdraagt ginn. Fir d'Aufgab z'erliichteren hu se d'Fotografie benotzt. Déi dozou noutwenneg Instrumenter, inklusiv de groussen Objektiv, hate si selwer fabrizéiert. Hinnen ass déi séier Entwécklung vun der Astrofotografie am 19. Joerhonnert wesentlech ze verdanken.

Si hunn ettlech Teleskopen an aner astronomesch Instrumenter hiergestallt. Am Observatoire vu Paräis hat jiddweree vun de Bridder siwen Asteroiden entdeckt (kuckt Lëscht vun den Asteroiden). Am November 1885 hu si fir d'alleréischt fotografesch de Reflexiounsniwwel ëm d'Plejaden entdeckt.

No de Bridder gouf den 42 km grousse Moundkrater Henry Frères, de Marskrater Henry an den Asteroid (1516) Henry genannt.

Kuckt och Änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck Änneren