De Punjab och Panjāb oder Panj-Āb ass eng geopolitesch, kulturell an historesch Géigend am Norde vum Indesche Subkontinent a Südasien.

Topographesch Kaart vum Punjab
De Punjab mat de Grenze vun haut

Historesch war et, am 19. an 20. Joerhonnert, den Numm vun enger fréierer Provënz a Brittesch-Indien. 1947 gouf et tëscht den ewell onofhängege Staate Pakistan (Provënz Punjab) an Indien (Bundesstaat Punjab) opgedeelt, wat zu grousse Migratiounsstréim a biergerkrichsänleche Situatioune gefouert huet, wéi Hinduen a Sikh vum Westpunjab an den Osten, a Muslimen vum Ostpunjab an de Westen hu misse goen.

Geographesch ass mat Punjab dee Flossdall gemengt, dee käilfërmeg no Südwesten hi méi enk gëtt, a vum Indus a senge fënnef Nieweflëss Jhelam, Chanab, Ravi, Beas a Satluj markéiert ass. Den Numm "Punjab" setzt sech zesummen aus Farsi پنج (pandsch) "fënnef" an آب (ab) "Waasser", a bezitt sech op déi fënnef Flëss.

Am Weste gëtt de Punjab vun de Suleimanbierger op der Grenz zum Afghanistan ofgegrenzt, am Norde stéisst en un d'Salt Range an un den Himalaya, no Süden un d'Thar-Wüst an am Oste geet e bis un d'Waasserscheed zum Ganges-Déifland.

De Buedem besteet haaptsächlech aus ganz fruchtbare quartäre Schwemmfächeren, déi 10 bis 15 m iwwer der Dallsuel leien. Duerch Bewässerungssystemer, mat Hëllef vu Staudämm a Kanäl, kann d'ganz Joer duerch ugebaut a rekoltéiert ginn.

Am Pakistan ass de Punjab déi Provënz mat bei wäitem der gréisster Populatioun, den indesche Punjab ass haut en industriellen Zentrum an ee vun de räichste Bundesstaaten.

Ethnolinguistesch sinn d'Punjabi déi gréisst Bevëlkerungsgrupp, si schwätzen d'Punjabisprooch.

Um Spaweck änneren

Commons: Punjab – Biller, Videoen oder Audiodateien