Iwan Petrowitsch Pawlow

russesche Medezinner a Physiolog

Den Iwan Petrowitsch Pawlow (russ.: Иван Петрович Павлов, Ivan Petrovič Pavlov, gebuer de 14. Septemberjul./ 26. September 1849greg. zu Rjasan a gestuerwen de 27. Februar 1936 zu Leningrad, war e russesche Medezinner a Physiolog. Hie krut 1904 den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin fir seng Aarbechten iwwer d'Verdauungsdrüsen. Hien huet weiderhin fundamental Studien iwwer Komportementsfuerschung gemaach an huet de Grondstee fir déi behavioristesch Léiertheorie geluecht.

Iwan Petrowitsch Pawlow
Gebuer 14. September 1849 jul.
Rjasan
Gestuerwen 27. Februar 1936
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Sowjetunioun
Educatioun Staatlech Universitéit Sankt Péitersbuerg
Aktivitéit Chimist, Dokter, Physiolog, Neurolog, Fuerscher
Member vun Royal Society, National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Académie nationale de médecine
En ausgestoppt Exemplar vum Pawlow sengen Hënn.

De Pawlow huet ë. a. festgestallt, datt de Comportement op Reflexer zeréckgoe kann, an huet de Prinzip vun der klassescher Konditionéierung entdeckt. Dobäi huet en tëschent onkonditionéierten (oder natierlechen) a konditionéierte Reflexer (déi ee ka léieren) ënnerscheet.

Am bekanntste sinn d'Experimenter mam sougenannten Hond vum Pawlow: Nodeems hie festgestallt hat, datt en Hond schonn ufänkt, Spaut ze produzéieren, wann e Friesse gesäit, an net eréischt, wann en ufänkt ze friessen, huet de Pawlow en anere Reiz benotzt: Kuerz ier den Hond ze Friesse krut, huet en eng Schell ze héiere kritt. No e puer Kéieren huet den Hond ugefaangen, ze säftsen, wann et geschellt huet, onofhängeg dovun, op e Friesse krut oder net. Dat ass et, wat de Pawlow "konditionéierte Reflex" genannt huet.

Literatur änneren

  • Iver Hand: Pawlows Beitrag zur Psychiatrie. Entwicklungs- und Strukturanalyse einer Forschungsrichtung. Thieme, Stuttgart 1972. ISBN 3-13-158701-6
  • Thomas Kussmann: Sowjetische Psychologie, auf der Suche nach der Methode. Pavlovs Lehren und das Menschenbild der marxistischen Psychologie. Huber, Bern 1974. ISBN 3-456-30581-8
  • Alexander Mette: J. P. Pawlow. Sein Leben und Werk. Dobbeck, München 1958.
  • Torsten Rüting: Pavlov und der Neue Mensch. Diskurse über Disziplinierung in Sowjetrussland. Oldenbourg, München 2002. ISBN 3-486-56679-2

Um Spaweck änneren

Commons: Iwan Pawlow – Biller, Videoen oder Audiodateien