(2867) Šteins

Asteroid


Den (2867) Šteins ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture a gouf 1969 vum sowjeteschen Astronom Nikolai Stepanowitsch Tschernych entdeckt a vun him nom lettesch-sowjeteschen Astronom Kārlis Šteins genannt. D'Form vum Asteroid ass verzunn, d. h. säin Duerchmiesser läit tëscht 4,5 a 6,7 Kilometer. Seng Rotatiounsdauer ass sechs Stonnen an dräi Minutten.

(2867) Šteins
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,3634 A.E.
Exzentrizitéit 0,1463
Sideresch Ëmlafzäit 3 a 231 d
Mëttel Bunnvitess 19,37 km/s
Inklinatioun 9,9431 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 6,67 × 5,81 × 4,47 km[1]
Rotatiounsperiod 6,049 h
Albedo 0,45 ± 0,01
Absolut Hellegkeet 12,90M
Spektralklass E
Entdeckung
Entdecker Nikolai Stepanowitsch Tschernych
Entdeckungsdatum 4. November 1969
Plaz Krim-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1969 VC, 1954 GL, 1979 FJ4

De 5. September 2008 ass d'Raumsond Rosetta op enger Distanz vun 800 Kilometer laanscht den Asteroid Šteins geflunn. Et war deen éischte Laanschtfluch vun enger Raumsond bei engem Asteroid vum Typ E.

Duerch déi héich Porositéit vu 40 %, wéi och duerch d'Form, gëtt ugeholl datt et sech beim (2867) Šteins net ëm en eenzege, kohärente Fielsblock handelt, mä vill méi ëm d'Usammlung vu groussen eenzele Brochstécker[2],[3].

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. H. U. Keller et al.: E-Type Asteroid (2867) Steins as Imaged by OSIRIS on Board Rosetta, in: Science, Bd. 327, 8. Januar 2010, S. 190–193
  2. Pressemitteilung der Max-Planck-Gesellschaft gekuckt den 10. Februar 2015
  3. Bild vum Asteroid