(145451) 2005 RM43
Den (145451) 2005 RM43 ass e groussen Transneptuneschen Objet, deen als SDO aklasséiert gëtt. Wéinst senger Gréisst ass den Asteroid en Zwergplanéitekandidat.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | SDO |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 89.60951 A.E. |
Peridatum | 23. September 2004 |
Exzentrizitéit | 0.60854 |
Sideresch Ëmlafzäit | 848 a 3,4 M |
Inklinatioun | 28.81911 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | zirka 524 km |
Rotatiounsperiod | 6,71 h (0,280 d)[1] |
Albedo | 0,09 |
Absolut Hellegkeet | 4,4M |
Entdeckung | |
Entdecker |
Andrew Becker Andrew W. Puckett Jeremy M. Kubica |
Entdeckungsdatum | 9. September 2005 |
Plaz | Apache Point Observatoire |
Entdeckung
ännerenDen (145451) 2005 RM43 gouf den 9. September 2005 vum Astronomenteam Andrew C. Becker, Andrew W. Puckett an Jeremy M. Kubica, um Apache Point-Observatoire zu Sunspot (New Mexico) entdeckt. D'Entdeckung gouf de 7. August 2009 publizéiert[2]. De Planetoid krut vun der I.A.U. d'Klengplanéite-Nummer 145451.
No senger Entdeckung war den 2005 RM43 op Fotoe vum 17. November 1976 identifizéiert ginn a sou konnt och seng Ëmlafbunn genee berechent ginn. Zanterhir gouf de Planetoid mat verschiddenen Teleskope vun der Äerd aus observéiert. Bis Dezember 2017 gouf et 303 Observatiounen déi iwwer en Zäitraum vun 42 Joer gemaach gi waren.
Eegenschaften
ännerenËmlafbunn
ännerenDen 2005 RN43 kreest an 848,28 Joer op enger staark elliptescher Ëmlafbunn tëscht 35,08 AE an 144,14 AE Ofstand zu hirem Zentrum, ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,609, d'Bunn steet 28,82° schréi zur Ekliptik. De Perihel gouf fir d'lescht am Joer 2004 duerchlaf, den nächste Perihelduerchlaf dierft also eréischt ëm d'Joer 2853 sinn. Sowuel de Minor Planet Center wéi och de Marc Buie (DES) klassifizéieren den 2005 RM43 als Scattered disk object.
Gréisst
ännerenAktuell gëtt vun engem Durchmiesser vun zirka 500 bis 600 km geschwat, op Basis vun engem Réckstralverméigen vun 9 bis 10 % an enger absolutter Hellegkeet vu 4,4 m; dat ass allerdéngs wéinst de Schätzungen onsécher. De Mike Brown geet dovun aus, datt den 2005 RM43 warscheinlech en Zwergplanéit ass; nom Gonzalo Tancredi ass en dat awer nëmme méiglecherweis.
Den 2005 RM43 rotéiert a 6 Stonnen an 42,6 Minutten eemol ëm seng eegen Achs. Doraus ergëtt sech, datt den Asteroid a sengem Asteroidejoer 1.208.100,5 Eegendréiunge („Deeg“) mécht.
Joer | Ofmiessungen (km) | Quell |
---|---|---|
2010 | 554,0 | Tancredi |
2018 | 584,0 | Johnston<ref>Johnston's Archiv: List of Known Trans-Neptunian Objects (Oktober 2018) |
2018 | 524,0 | Brown |
Déi prezist Bestëmmung ass fett markéiert. |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- 2005 RM43 an Oplëschtung (List Of Transneptunian Objects) vum Minor Planet Center
- 2005 RM43 an Oplëschtung (Johnston's Archive)
- How many dwarf planets are there in the outer solar system? Aktuell Lëscht vun de gréissten TNO vum Mike Brown
- (en) Free the dwarf planets! Kolumne vum Mike Brown iwwer d'IAU an d'Zwergplanéiten (23. August 2011)