D'Radikal-Liberal Partei (Parti Radical Libéral, PRL) war eng liberal Lëtzebuerger politesch Partei, déi tëscht 1932 an 1945 existéiert huet.

Geschicht änneren

1925 ass d'Liberal Liga wéinst ideologesche Streidereien tëscht de klassesche Liberalen an de Progressisten zerbrach. D'Progressisten ëm de Stater Buergermeeschter Gaston Diderich hunn d'Radikal-Sozialistesch Partei gegrënnt, an déi klassesch Liberal ëm de Grënner vun der Liberaler Liga Robert Brasseur hunn sech an der neier Partei mam Numm Liberal Lénk regruppéiert. Dräi Joer drop huet sech d'Radikal-Sozialistesch Partei nach eng Kéier gespléckt, wéi de Marcel Cahen an eng Rei aner Memberen d'Partei verlooss fir d'Radikal Partei ze grënnen. Si hunn dat aus Protest géint eng Bedeelegung un der Regierung Bech gemaach.

1932 hu sech béid Parteien nees zesummegeschloss, an aus der Radikal-Sozialistescher Partei an der Radikaler Partei ass d'Radikal-Liberal Partei ginn.

Méi spéit hu sech hir och aner liberal Gruppen ugeschloss, soudatt 1937 déi Liberal nees eng eenzeg Partei haten.

Vum 11. Abrëll 1932 bis dem 5. November 1937 war d'PRL mat der Rietspartei Koalitiounspartner an der Regierung Bech.

Nom Zweete Weltkrich hu sech déi Liberal nees ënner dem Numm Groupement Patriotique et Démocratique zesummefonnt, deen 1954 an Demokratesch Partei (DP) ëmbenannt gouf.

Prominent Membere vun der Radikal-Liberaler Partei waren ë. a. de Stater Buergermeeschter Gaston Diderich an d'Ministeren Nicolas Braunshausen, Norbert Dumont an Étienne Schmit.

Resultater vun de Chamberwalen 1934-1937 änneren

Walresultater
Radikal-Liberal Partei
1934-1937
Joer Sëtz vun am
Ganzen
1934 3 54
1937 5 55