Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Een Tanks, oder Panzer, ass e gepanzert Gefier, dat vum Militär oder der Police zu Kampfzwecken agesat gëtt. E Panzer ass motoriséiert, fiert op Gleisketten an huet Waffen u Bord. Ënner Tanks stellt ee sech an der Reegel e gepanzerte Won vir, dee géint de Beschoss protegéiert ass, an en dréibaren Tuerm mat enger Kanoun oder MG huet. Et gëtt allerdéngs Panzerween a verschiddenen Ausféierungen, fir ënnerschiddlech Zwecker.

Schemateschen Diagramm vun engem Tanks (Abrams)

D'Panzerung besteet aus engem Stolalliage, zum Deel an enger Kombinatioun mat Keramik- a Konschtstoffschichten. Ugedriwwe ginn Tanksen haut meeschtens duerch staark leeschtungsfäeg Dieselmotoren, neierdengs och duerch Gasturbinnen, déi a Verbindung mat engem Kettelafwierk sech ganz gutt fir d'Fortbeweegung am koppegen oder knubbelegem Terrain eegnen.

Typpen änneren

Panzergefierer kënnen no verschiddene Gesiichtspunkte kategoriséiert ginn. Gebräichlich sinn den Asazzweck, d'Gewiicht an d'Manéier wéi se ugedriwwe ginn.

Ënnerscheed nom Gewiicht änneren

Bis no dem Zweete Weltkrich hu vill Arméien d'Tanksen no hirem Gewiicht klasséiert:

  • liicht Tanksen,
  • mëttelschwéier Tanksen,
  • schwéier Tanksen.

Well d'Gewiichtsklassen net iwwerall déi selwecht waren, konnt ee mat deene Vergläicher net vill ufänken.

Ënnerscheed nom Gebrauch änneren

 
Panzerhaubitz M109

Méi spéit gouf ënnerscheet, woufir d'Tankse gebraucht ginn:

  • Artillerietankse mat schwéiere Kanounen (Mortier oder Haubitzen),
  • schwéier Gefechtstanksen,
  • mobil liicht Tanksen (Ënnerstëtzungspanzer) mat liichter Bewaffnung zur Hëllef vun de Buedemtruppen,
  • Infanterietankse fir den Transport vun Infanteristen,
  • Spähpanzer, dacks op Rieder fir sech séier deplacéieren ze kënnen,
  • Transportpanzer, z. B. fir den Transport vu Bréckendeeler,
  • Amphibientanks, fir Landeoperatiounen,
  • Flaktanksen,
  • Biergungspanzer mat Kran fir beschiedegt Gefierer aus der Front ze transportéieren,
  • Jeeërtanks spezialiséiert op d'Ofschéisse vun aneren Tanksen

Geschicht änneren

Tanksen am Éischte Weltkrich änneren

Iwwersiicht iwwer Tankstyppen am Éischte Weltkrich änneren

Frankräich änneren

Italien änneren

Däitschland änneren

Groussbritannien änneren

Tanksen am Zweete Weltktich änneren

Iwwersiicht iwwer d'Tankstyppen am Zweete Weltkrich änneren

Belsch änneren

Däitschland änneren

Polen änneren

Rumänien änneren

Tschechoslowakei änneren

Frankräich änneren

Japan änneren

USA änneren

Sowjetunioun änneren

Groussbritannien änneren

Iwwersiicht iwwer d'Tankstyppen nom Zweete Weltkrich änneren

Frankräich änneren

Däitschland änneren

Vereenegt Staaten änneren

Groussbritannien änneren

Sowjetunioun änneren

Israel änneren

China änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tanks – Biller, Videoen oder Audiodateien