D'Yser-Front steet fir d'Kampfhandlungen déi am Éischte Weltkrich beim Yser-Floss an der Belsch waren. D'Yser-Front ass am Oktober 1914 opgang an et gouf do bis 1918 gekämpft, bis déi Alliéiert dat Gebitt liberéiert hunn. D'Schluecht, déi vum 17. bis 31. Oktober 1914 gedauert huet, gëtt allgemeng als Yser-Schluecht bezeechent.

Dispositif vun der Yser-Schluecht
Foto vun der Yser-Front

De belsche Kinnek Albert I. huet déi belsch Truppe commandéiert änneren

Wéinst enger Bestëmmung an der belscher Verfassung, huet de Kinnek Albert I. selwer déi belsch Truppen ugeféiert. Zu Antwerpen konnt hie sech nach mat Erfolleg zur Wier setzen an d'Marne-Offensive entlaaschten. Mä déi däitsch Arméien hu mat aller Gewalt versicht ze gewannen a fir net agekesselt ze ginn huet hien d'Stad geraumt a sech no Westen, bis zum Küstefloss, der Yser, mat sengen Zaldoten zeréckgezunn.

D'Schluecht op der Yser änneren

Den 18. Oktober, huet de Marschall Sir John French sengem engleschen Expeditiounscorps, an der éischter Phas vun der Schluecht, den Uerder ginn, no Menin an der Belsch an no Lille a Frankräich virzestoussen. Dëse Mouvement gouf awer vun den däitschen Truppen, déi virdrun a Richtung Äermelkanal virgestouss waren, verhënnert. Am brittesche Secteur ass den Englänner mat Hëllef vun de Fransousen gelongen, sech ze wieren, allerdéngs zu engem bluddege Präis. No der Evakuatioun vun Antwerpen haten déi belsch Truppe sech fir d'éischt op Gent zeréckgezunn, wou d'Fransousen op se waarde sollten. Well awer Gent net konnt gehale ginn, hu se sech zesummen zu engem strategesche Réckzuch a Richtung Yser entschloss. Diksmuide ass dunn den Zentrum vun hire Stellunge ginn. Do hu si dunn déi däitsch Arméien opgehalen, déi do héich Verloschter haten. Op belscher Säit gouf et de feste Wëllen, d'Yser-Positioune mat alle Mëttelen ze halen.

Den 19. Oktober huet dunn den l. englesche Corps ënner dem Generol Sir Douglas Haig, eng Géigenoffensiv gestart an déi däitsch Positioune bei der belscher Stad Ypern opgerullt.

Den 11. November huet de selwechte Corps déi lescht Attack vun de Preisen, déi vun der preisescher Gard gemaach gouf, op där Linn bei Ypern zerschloen. D'Preisen haten an der Tëschenzäit Ypern scho praktesch ganz zerbommt an, op Uerder vum ieweschte preisesche Kommando, mat Brandbommen ausgebrannt.

D'Schleise goufen opgemaach änneren

Entgéint alle schéine Virsätz, gouf et awer ëmmer méi schwéier, d'Stellungen un der Yser ze halen. D'Belsch hunn dunn d'Mier zu Hëllef geholl, well se d'Schleise vun Nieuwpoort opgemaach hunn.

Déi Aktioun war engem glécklechen Zoufall ze verdanken. De Generol Wielemans hat an där Zäit säi Privatquartéier beim Untersuchungsriichter vu Furnes, dem Emeric Feys. Deen hat him vun engem Dokument erzielt, dat hien an de Familljenarchive eng Kéier entdeckt hat. Et huet sech ëm en Arrêté vun der Zentralverwaltung vum département de la Lys gedréint dat op de 26. Germinal vum Joer VI datéiert war. Den Arrêté war geholl gi wéinst enger Demande fir Krichsentschiedegung vum 28. Ventôse am Joer IV.

Dora war ze liesen:

Vu la pétition en date du 28 ventôse an 4e par laquelle le Cen Henri Demolder, cultivateur a S'heer-Willems-Capelle, locataire d'une ferme nationale y sise, provenant de la c-devant abbaye de Saint-Nicolas, à Furnes, exposant que, sur cent soixante douze mesures de terre tant en labour que prairies, qui composent son bail, vingt-deux mesures seulement n'ont point été couvertes d'eau de la mer, lors de l'inondation qui eut lieu pour la défense de Nieuport, et qu'en conséquence il réclame la remise des fermages dont il est redevable, jusqu'à concurrence des terres inondées...

Den Emeric Feys, deen a senger Funktioun als Untersuchungsriichter och Regisseur vum Waassersyndikat de sougenannte Waterringe war, huet direkt Kontakt mat sengem Techniker dem Louis Cogghe opgeholl, an hie gefrot ob et méiglech wier eng Partie vum Land ënner Waasser ze setzen. Deen huet him confirméiert datt et méiglech wier d'Land ëm Nieuwpoort eng zwéi bis dräi Meter ënner Waasser ze setzen. Wéi si de Generol Wielemanns dovun informéiert hunn, war deen direkt d'accord fir dee Plang auszeféieren. No minutiéise Preparatiounen, déi dräi Deeg an dräi Nuechte gedauert hunn, ass de Plang den 28. October ugelaf. Am Ufank ass nëmmen e bësselche Waasser eralafe gelooss ginn, fir dat d'Preise solle mengen et wier nëmmen e klenge Problem, an duerno ëmmer méi séier, a sou konnten doduerch d'Preisen op der enger Säit vum Floss vum 1. November u festgeneelt ginn.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Yser-Front – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. L'Album de la Guerre 1948-1918, L'illustration Paris 1925 Säit 148