Schankenhaus vun Douaumont

D'Schankenhaus vun Douaumont, op Franséisch Ossuaire de Douaumont, op der Thiaumont-Héicht bei Verdun, ass e Gebai, an deem d'Schanke vun iwwer 130.000 Zaldoten aus dem Éischte Weltkrich versuergt ginn, déi bei der Schluecht vu Verdun gefall sinn.

D'Schankenhaus streckt sech iwwer eng 138 m an huet e 46 m héijen Tuerm a Form vun enger Artilleriesgranat. Um éischte Stack ass e Krichsmusée. Eng sëllegen Natiounen hu Suen zum Bau vum Ossarium gestëft, dorënner och Lëtzebuerg. 1932 gouf d'Gebai vum deemolege franséische President Albert Lebrun offiziell ageweit.

Vis-à-vis vum Ossarium ass e grousse Kierfecht mat 15.000 Kräizer fir méi wéi 16.100 Douedeger, déi do begruewe leien.

Um Spaweck

änneren
Commons: Schankenhaus vun Douaumont – Biller, Videoen oder Audiodateien