Eemaischen

Maart op Ouschterméindeg zu Nouspelt an an der Stad Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Éimaischen)

Eemaischen (oder Éimaischen) ass den Numm vun engem Maart, deen źënter dem spéide Mëttelalter um Fëschmaart an der Stad op Ouschterméindeg ofgehale gëtt an och zënter 1957 zu Nouspelt.

Éimaißchen 2022 an der Alstad
D'Eemaischen 2010 zu Nouspelt

Den Numm geet op d'biblesch Stad Emmaus aus dem Lukasevangelium zeréck. De Lukas erzielt, de Kleopas an en anere Jünger wieren den Dag nom Pessach, vu Jerusalem op Emmaus ënnerwee gewiescht, wéi si de Jesus, no sengem Doud, do begéint hätten ouni hien am Ufank erëmzekennen.

Zanter 2008 gehéiert d'E'maischen zum nationalen Inventar vum IKI immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

Geschicht änneren

Um Fëschmaart änneren

Ouschterméinden hunn d'Aulebäcker an der Méchelskierch d'Fest vun hirer Brudderschaft gefeiert. No der Mass gouf dunn e Maart mat äerdenem Dëppegeschier ofgehalen. Déi eelst schrëftlech Quell, déi dëse Maart beleet, ass e Bréif vum 3. Abrëll 1827. Doran huet de Policeoffizéier Jemp Müllendorf dem Gemengerot proposéiert, deen "Emmaus-Maart" eriwwer op de Fëschmaart ze verleeën, well de Kaméidi vum Maart, an d'Kannergejäiz d'Masse stéiere géifen.

Et däerf ugeholl ginn, datt do och äerde Päifen ze kréie waren, si waren awer sécher net, wéi haut d'Péckvillercher, den Haaptartikel vun deem Maart.

Um Ufank vum 20. Joerhonnert huet sech de Maart ëmmer méi vun engem renge Maart fir Toun-Wueren zu engem Kreemchesmaart entwéckelt. 1914 ass dee leschten Aulebäcker zu Nouspelt gestuerwen, wou zanter 1458 d'Aulebäckerei beluecht war.

Nom Éischte Weltkrich ass d'E'maische virun ofgehale ginn, hat awer ëmmer manner Succès. D'Péckvillercher, déi verkaaft goufen, koumen aus der Äifel.

Déi modern Form vun der E'maischen geet op d'Joer 1937 zeréck. Do huet de Comité Alstad, decidéiert, déi al Traditioun nei ze beliewen. 1938 goufe fir d'éischt zanter 20 Joer nees Péckvillercher verkaaft, déi zu Lëtzebuerg gemaach goufen. Fabrizéiert goufe se vum Aulebäcker Jean Peters aus dem Reckendall, deen dofir Nouspelter Toun verschafft huet. Bis zu sengem Doud 1980, huet de Peters Dausende Péckvillercher geschaaft.

An de Krichsjoren, tëscht 1940 a 1944, huet déi däitsch Besatzung d'Eemaische vum Fëschmaart op de Knuedler verluecht, fir do eng Emmaus-Kiermes ofzehalen, déi awer näischt méi mat dem Aulebäckermaart ze dinn hat. Nom Krich huet de Comité Alstad d'Eemaischen erëm organiséiert, 1945 nach um Knuedler, vun 1946 un awer nees um Fëschmaart.

Zu Nouspelt änneren

Zanter 1957 gëtt och zu Nouspelt eng Eemaischen ofgehalen, déi vun der Asbl Nouspelter Emaischen organiséiert gëtt[1]. All Joer gëtt eng limitéiert Serie vu Péckvillercher hiergestallt, déi nieft engem Stempel och eng Seriennummer hunn a beléift Sammelartikele sinn.

Am Joer 2022 goufen et nach fënnef Hobby-Aulebäcker zu Nouspelt, wouvu just nach een, den Usch Biver, lokalen Toun vu Schantercher ëm Nouspelt verschafft.

Editiounen 2021 an 2021 ausgefall änneren

Nom Ausbroch vun der Otemweeërkrankheet COVID-19 an der weltwäiter COVID-19-Pandemie konnt an de Joren 2020 an 2021 d'Éimaische weeder an der Stad[2] nach zu Nouspelt ofgehale ginn. An der Stad hat de Comité Alstad awer virgesi fir eng „virtuell Éimaischen ” mat Filmer, Videoen a Fotoe vu fréiere z'organiséieren[3],[4]. D'Nouspelter Emaischen Asbl huet seng 4 Péckvillercher vum Joer zum Online-Verkaf ugebueden[5].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eemaischen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. http://www.emaischen.lu/
  2. La Ville - Coronavirus COVID-19 - Annulations op vdl.lu, gekuckt den 1. Abrëll 2020
  3. De Comité Alstad brauch Är Hëllef, fir virtuell Eemaischen ze realiséieren op rtl.lu den, gekuckt den 1. Abrëll 2020
  4. D'Éimaischen Digital
  5. www.emaischen.lu