Als Steierwon bezeechent een an der Eisebunnstechnik eng Voiture vun där aus de Mecanicien d'Lokomotiv vun der Ramm ka steieren. En erméiglecht et engem Zuch a béid Richtungen ze fueren ouni datt d'Zuchmaschinn muss ëmgesat ginn.

En Dosto-Steierwon

Allgemenges änneren

  • Fir datt den Zuch vum Steierwon aus ka gesteiert ginn, muss dee mat de Steierelementer vun der Lokomotiv verbonne sinn. Jiddwer Lokomotivtyp huet dobäi eng aner "Sprooch".
  • Prinzipiell kann all Lokomotiv, souwuel elektrescher wéi och dieselgedriwwener, vun engem Steierwon aus gesteiert ginn. Praktesch gi verschidde Loktyppe wéinst hirem Déngschtalter oder hirer Bestëmmung net mat Steierween synchroniséiert.
  • E Steierwon, deen net benotzt gëtt, leeft wéi eng normal Voiture.
  • Eng Ramm déi mam Steierwon no vir gefuer gëtt ass international op 10 Voiturë limitéiert, fir de Bremswee ze minimiséieren. An Dromedar-Kompositioun gefuer, ka sou eng Ramm deemno 20 Voituren hunn.

Forme vun Asaz änneren

Schlaange-Kompositioun änneren

D'Schlaange-Kompositioun ass de klasseschen Zenario bei deem den Zuch op engem Enn e Steierwon, an um aneren Enn eng Lokomotiv huet. Wann zwou sou Rammen uneneegekrämpt ginn, gi béid Lokomotive vum éischte Steierwon aus manövréiert.

Dromedar-Kompositioun änneren

Eng Dromedar-Kompositioun, och nach Sandwich-Kompositioun genannt, ass den Zenario an deem eng Lokomotiv vun 2 Steierween encadréiert ass. An der Belsch gëtt eng Koppel InterCity-Zich tëscht Gouvy a Bréissel mat sou engem Zuch gefuer. D'CFL hate Versich mat hiren CFL-Dosto-Steierween an den CFL 4000 gemaach, hunn awer kee prakteschen Notze fir den Asaz vu sou enger Kompositioun fonnt.

Asaz zu Lëtzebuerg änneren

Beim CFL kommen Dosto-Steierween zesumme mat den CFL 3000 an CFL 4000 an den Asaz. Grenziwwergräifend fueren CFL Steierween an d'Belsch bis op Gäilech, Attem a Virton. Zu Spëtzenzäite kommen d'Steierween bis Tréier, Wittlich a Cochem.

Als eenzeg auslännesch Eisebunn setzt d'SNCF Steierween zu Lëtzebuerg an.

Um Spaweck änneren

Commons: Steierween – Biller, Videoen oder Audiodateien