Eng Restaurantsvoiture, och Wagon-Restaurant genannt, ass eng Eisebunnsvoiture mat enger Kichen an an där Restauratioun bedriwwe gëtt.

ÖBB Restaurantsvoiture.
Restaurantsvoiture vun der Cie des Wagons-Lits.

Déi éischt Restaurantsvoiture ass 1868 bei der Chicago & Dalton Railroad zu Chicago an den USA gefuer.

Déi éischt europäesch Restaurantsvoiture ass den 1. November 1879 bei der Great Northern Railway tëscht London a Leeds agesat ginn.

Et fënnt ee Restaurantsvoiturë meeschtens op Zich déi op hirem Trajet wäit Strecken zeréckleeën.

Typpen änneren

Déi klassesch Restaurantsvoiture huet, genee wéi e Restaurant, eng Kaart vun där sech d'Clientë kënnen e Plat bestellen. Am Géigesaz dozou gëtt et eng Rei aner Forme vu Restauratiounen.

  • Buffetsvoituren offréiere Plate vun deene sech d'Clienten zerwéiere kënnen.
  • Bistrosvoiturë si Voituren déi nëmme kleng Restauratioun a Snacks offréieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Restaurantsvoituren – Biller, Videoen oder Audiodateien