Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den TGV 2N2 (och TGV Euroduplex), ass déi drëtt a bis elo lescht Generatioun vun de franséischen Héichvitesszich TGV Duplex.

TGV 2N2
Eng Motrice vum TGV Duplex zu Figueres.
Bedreiwer SNCF/VFE - Lyria - CFF
Alleo - DB - Ellipsos - Renfe
Sëtzplazen 509
Déngschtmass: 399 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 200,190 m
Breet 2,90 m
Héchstvitesse: 320 km/h
Leeschtung a
Stroumsystemer:
3680 kW
(1,5 kV Gläichstroum)
6800 kW
(15kV 16,7 Hz Wiesselstroum)
9280 kW
(25kV 50 Hz Wiesselstroum)
TGV EuroDuplex op der LGV Sud-Est

Geschicht änneren

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Éischt Bestellung änneren

Déi éischt 55 Ramme goufen 2007 als 7. Bauserie vun den TGV Duplex bei Alstom bestallt. D'Bestellung huet sech an zwee Deeler gegliddert:

  • 30 TGV Euroduplex mat POS-Dreifkäpp fir de Verkéier a Frankräich, zu Lëtzebuerg, an Däischland an an der Schwäiz. Se kënne mat 3 Stroumsystemer fueren (25 kV 50 Hz; 1,5 kV =; 15 kV 16,7 Hz) a sinn ab Wierk mat den Zuchsécherungssystemer fir Däitschland an d'Schwäiz ausgerëscht. Déi éischt Rame stoungen 2011 fir de Reegelbetrib op der LGV Rhin-Rhône zur Verfügung.
  • 25 TGV Euroduplex mat POS Dreifkäpp fir de Verkéier a Frankräich, zu Lëtzebuerg, an Däischland an an der Schwäiz. Se kënne mat 3 Stroumsystemer fueren (25 kV 50 Hz; 1,5 kV =; 15 kV 16,7 Hz), sinn ab Wierk allerdings net mat den Zuchsécherungssystemer fir Däitschland an d'Schwäiz ausgerëscht, déi Systemer kënnen awer optional nogerëscht ginn.

Zweet Bestellung änneren

Am Abrëll 2012 goufe 40 weider Ramen als 8. Bauserie vun den TGV Duplex bestallt.