E Rongewaggon ass e Flaachwaggon op der Eisebunn dee laanscht déi riets a lénks Säit vun der Plattform mat Rongen ekipéiert ass. Sou Waggone si geduecht fir haaptsächlech laang Gidder wéi z. B. Bamstämm, Réier, oder Laangwalzprodukter ze transportéieren. Si kënne mat niddregen, oder ouni Säitewänn ekipéiert sinn.

D'Rongen déngen dozou datt d'Gidder net kënnen op der Säit eroftrëllen, an och fir Spandréit oder Zurrgurten dru festzemaachen, déi iwwer d'Transportgidder gespaant ginn, fir ze verhënneren datt se rutschen.

E Rongewaggon vun der Trenitalia