Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/Januar

Bicher, Beiträg a Bicher ... änneren

Wou steet an der lb-Wiki wéi een déi eenzel Donnéen (Numm vum Auteur, Virnumm vum Auteur, Titel vum Buch, Verlag, Joer vun der Publikatioun ...) ugett. Et ass mir wéi wann ech dat eng Kéier schon hei gelies hätt, kann dat awer net (erëm)fannen. Et wier net schlecht wa jiddereen nom selwechte System géif fueren fir eng enheetlech Présentatioun ze kréien.--Fliedermaus 18:10, 3. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Fir d'Bluttsëffer änneren

Fir all déi, déi mol gär hanner d'Kullisse vun der Wikimedia kucke wéilten: ( http://en.wikinews.org/wiki/Former_Chief_Operating_Officer_of_Wikimedia_Foundation_is_convicted_felon ) --Cornischong 10:51, 5. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Hëllef:Hëllef änneren

"Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de dir als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen" proposéiere mer deene "Neien". Leider féiert dëse gutt gemengte Rot awer néierens hinn. Eng Hëllef-Säit gëtt et net méi. Dat selwecht, wann een am lénke Rand an der Navigatiounskëscht d'Hëllef uklickt. Och do gëtt een op eng eidel Säit geleet. Kann emol een deen eppes dervu kennt dono kucken? --Pecalux 08:15, 7. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Glunge Saach. Ech weess just, dass do "eppes war". Wou dat hikomm ass, weess ech net. Soss een? --~~
Dat huet warscheinlech mat de MediaWiki-Systemmessagen ze dinn ... mee ech mengen ech hunn et elo mat engem Redirect op Wikipedia:Hëllef gefléckt. Sot mir Bescheed wann domatt nach weider Problemer sinn. --Robby 20:33, 9. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Et gi Problemer (all d'Säten déi mat Hëllef: ufänken ... redirect bréngt do net vill), mee eventuell och eng (aner) Léisung. Kuckt hei: MediaWiki Diskussioun:Helppage Kaffi 20:44, 9. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Milliounen änneren

"Zwei Millionen US-Dollar für Wikipedia & Co" bei heise online: ( http://www.heise.de/newsticker/meldung/101525 ). --Cornischong 14:55, 9. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

De Wikipedia-Super-Detektiv änneren

De Roger Leiner hat dem Cornischong versprach, der lëtzebuergescher Wikipedia eng "Original"-Zeechung ze ginn, déi haut ukomm ass. Et ass e "W"-Sherlock, dee mat enger Lupp op der Sich ass. D'Bild gëtt banne kuerzer Zäit eropgelueden. Ech schloe vir mer setzen dat emol direkt op d'Haaptsäit! A vun dëser Säit e ganz décke Merci un de Roger Leiner, deen domat der lb-Wiki e ganz grousse Gefale gemaach huet. --Cornischong 17:22, 10. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Wéi kënne mer dat mat Lizenz maachen? Dat Bild ass extra fir eis gezeechent ginn, do gesinn ehc och kee Problem. Et kéint awer ee ginn, menge ech, wann een d'Bild ännert (!!) an et da fir Watderdäiwel gebraucht. Virschléi? --Cornischong 17:36, 10. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Déi un d'lëtzebuergesch Juridiktioun adaptéiert Versioun vun der Creative Commons "by-nc-nd 3.0" (Paternité-Pas d'Utilisation Commerciale-Pas de Modification 3.0 Luxembourg). An der Lizenz misst evtl. e Link op dës Säit dra sinn. Passt wéi d'Fauscht op d'A, mengt de --Kaffi 18:43, 10. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Moien, ma ech sinn op dat Bild gespaant! Zur Lizenz zécken ech allerdéngs, do nei CC-Lizenzen aus dem Hutt ze zauberen. Firwat soll dat net déi "klassesch" CC oder GNU-Lizenz sinn~, wéi se am Prinzip fi alles gëllt, wat hei eropgeluede gëtt? Wann d'Zeechnung "fir d'lb-Wiki" ass, dann och no de gänge Reegelen (fräi, Méiglechkeet vun net ageschränkte Weidernotzung asw.) Mat engem eenzele Bild wäert jo kaum Ee vill zum Onwee dreiwen... --Zinneke 23:05, 10. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut

Wéis de vläicht gesinn hues hunn ech emol eng Lizenz aus dem Lizenztext wéi e fir Lëtzebuerg virgesinn ass iwwersat. Wann d'Gesetz dat firgesäit firwat solle mer ons dann nach aner Suerge maachen. Les Meloures 23:16, 10. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

E schéinen Owend. Hei leeft awer nach ëmmer dee selwechte System. Een, zwee Leit schreiwen Artikelen, an déi aner kucken no a kniwwele sech een. Net direkt rose ginn, léiw Leit: Vu sechs Auer un den Owend un huet ausser een eenzegen kee Mënsch ee Saz an en Artikel geschriwwen. Eng gutt Nuecht an eng schéin Hënnt. Bis dennö. dat Krappegt

Schonns am Reliounsunterrecht hunn ech gezielt kritt, datt "ëmmer ee" mech gesäit, egal wat ech maachen a wou ech sinn. Déi Zäit hunn ech net sou richteg verstanen, wien dat ass. Merci fir déi léif Opmierksamkeet. --Cornischong 23:27, 11. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Gudden Owend,

Just eng Fro: " Wie ka sech wat dervu kafen, wann ee Sëller hei feststellt datt déi eng eppes maachen an déi aner net. Dat si just nach déi Bemierkungen déi een, dee vläicht net sou vill mécht, vun der Wiki verdreiwe kann. Ech ka mech nach gutt un déi Leit erënneren déi hei op der Wiki mat falsche Behaaptungen iwwer Kräizer hauséiere gaang sinn. Wéi ech se bis noziele war, war et bis haut roueg vun där Säit. Geet elo erëm dommt Gestëppels un. Les Meloures 00:36, 12. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Dann nach eppes: op der zwéin oder 27 hei eppes maachen, geet keen eppes unn, jiddere mécht war e kann oder wellt maachen. Miech iergert dat ganz staark datt een dee selwer net vill opweises huet, sech et erlaabt fir sou Bemierkungen erauszespruddelen. A wann ech mech iwwer sou eppes opreegen hunn ech erëm fir e puer Deeg de Sout op der Wiki. Dann ass nach ee manner do deen eppes mécht. Les Meloures 00:45, 12. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech kréien net de Sout vun deene Kommentaren. Datt mer vun elementare Lemmata nach keng embryonal Artikelcher hunn, reegt mech eigentlech méi op. Datt hei vill Gepiddels opgefouert gëtt, misste mer selwer mierken, ouni datt een dat haart denkt. Ass et net gutt, fir emol eng Kritik matzekréien? A sief et eng negativ. --Cornischong 01:05, 12. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Wëllkomm op der Wiki änneren

"mat falsche Behaaptungen": Wou dat Krappegt Recht huet, do huet et Recht. Den Tounfall ass e bëssen däitlech , mee d'Rechung stëmmt. Lo misste mer dat nach engagéiert kréien; kritesch Leit sinn ëmmer wëllkomm. Dat ware schliisslech 61 Wierder a bal 300 Buschtawen! A propper geschriwwen. Et bleiwen ëmmerhin eng 20 Lännerartikelen ............ --Cornischong 00:50, 12. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Mir wësse genee wéi een op der Wiki zielt fir datt Mattaarbechter net widder de Kapp gestouss ginn änneren

Mir wesse genee wien hei schreift an och wéini, an net nëmmen an de leschte 6 Stonnen vun engem bestëmmten Dag. A mir wëssen och wéi ee soll kucken, fir alles ze gesi wat an de leschte 6 Stonnen gemaach gouf, an da mierke mer datt och nach Aarbechte gemaach goufen, an där Zäit, déi néischt mat neie Säiten ze dinn hunn. Oder sinn déi Leit déi hannert de Kulisse schaffe keng. D'Wikipedia ass e grousse System, an e grousse System fonktionnéiert nëmmen wann all Riedche passt. Dofir halt op dermat engem Hunneg ëm de Bak ze schmieren deen duerch Zoufall mol eng Kéier 6 Stonnen eleng do war.

Dofir hei da vläicht d'Resultat vum ganzen Dag an net nëmme subjektiv op 6 Stonnen, dat gesäit da schonns e bësselchen aneschters aus.

An deem Dag goufen am Nummraum alleguerten am Ganze 65 Artikele geschriwwen.

  • Vun Hallefnuecht bis 18.00 Auer: 58 Stéck
  • Vu 18.00 Auer bis 24.00 : 7 Stéck vun 2 Useren (Domatter stëmmt déi Behaaptung datt nëmmen 1 eppes an deene 6 Stonne geschriwwen hätt net.)

Stéckzuel pro User änneren

  • Les Meloures: 46
  • Cornischong : 10
  • Robby: 1
  • IP 79.200.119.193 : 1
  • Zinneke: 1
  • Fliedermaus :2
  • Pecalux : 1
  • Hburns : 1
  • Cayambe: 1
  • Ernmuhl: 1

Artikelen déi an de leschten 30 Deeg am Nummraum Haapt geschriwwe goufen, ofgegraff um 23.35 Auer de 15 Januar.

Detail vun den Artikelzuelen änneren

Benotzer Artikelzuel
Les Meloures 476
Cornischong 87
Ernmuhl 17
Zinneke 30
Robby 8
IP 52
Otets 4
Hburns 2
Cayambe 9
Fliedermaus 22
Tomateus 5
NLinckels 2
Reniarf 1
Pa 25
Gloooooo 4
De schéine Poli 2
Pecalux 6
Baulpi 5
Jon beag 1
Bouvier50 7
Melouresbot 2
Total 758
---  --- 

Detail vun den Ipen änneren

IP Artikelzuel
90.129.56.183 1
90.129.40.136 5
213.135.246.2 1
90.129.40.251 1
83.99.20.108 1
84.221.19.58 1
79.200.119.193 1
81.244.177.133 1
88.248.27.91 1
90.129.24.46 1
80.64.154.21 4
158.64.111.178 1
81.245.252.132 3
90.129.40.106 7
88.207.230.39 1
81.245.238.149 3
80.64.152.58 1
158.64.129.187 1
80.64.154.26 1
189.10.12.70 1
80.64.153.62 2
81.246.199.217 1
84.167.103.43 1
83.99.61.83 1
83.87.170.156 1

Les Meloures 00:27, 16. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]


rout an eidel änneren

Kuckt och: Hëllef:Menüpunkten. --Cornischong 07:38, 15. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

kuck MediaWiki Diskussioun:Helppage, dat kéint hëllefen (wéi ob dëser Plaz schonn eng Kéier ernimmt), mee bis ewell huet nach keen Admin reagéiert/probéiert (nëmmen Adminen kënne Systemmessagen änneren). Wann et net geet, einfach zerécksätzen ... Kaffi 21:18, 15. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]


Sou wäit wéi ech gesinn gouf déi Säit nach net ugeluecht. Do déngen och d'Systemmessager näischt. Wann een de Gued dervu sollt op enger aner Wiki fannen, kann e mer Bescheed soen ech bekëmmere mech dann drëms. Les Meloures 00:55, 16. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]


Vu sechs Auer un den Owend un huet ausser een eenzegen kee Mënsch ee Saz an en Artikel geschriwwen änneren

Nach e puer Donnéeën déi beweisen datt, dat wat hei behaapt gëtt net stëmmt:

Am Ganze goufen an deeër Zäit 58 Ännerungen an 20 Artikele gemaach. Et goufen doderbäi 20 487 bytes hianhirgetässelt, dovunner 9 477 beim Uleeë vun den neien Artikelen, déi hei als déi eenzeg Aarbecht an deeër Zäit sollen duergestallt ginn.

Hei hannendrunner d'Artikelen.


A wou et recht huet huet recht. Ech wees net op ech laachen oder kräische soll. Les Meloures 08:55, 16. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Vanity Fair änneren

"op der zwéin oder 27 hei eppes maachen, geet keen eppes unn, jiddere mécht war e kann oder wellt maachen" huet ee geschriwwen. Vläicht huet dee Recht an dat Zouschäisse mat Statistiken huet mol endlech en Enn. Wann een do ass, deem dat net op de Geescht geet, da soll e sech mellen. Merci. "Éischt Reegel: Vergewëssert iech datt äre Message och déi ganz Kommunautéit intresséiert." --Cornischong 10:35, 16. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]


Déi Statistiken hei goufen nëmme gemaach fir ze beweisen datt dem Krappege seng Behaaptunge net stëmmen.
Mär geet op de Geescht wann ee Bürokrat och nach engem dee net Recht huet, Recht gëtt, an domat dat oder deen, an der Diskriminatioun vun anere Benotzer déi ee ganz Joer schaffen ënnestetzt.
Dofir wollt ech emol alles opzielen.
Ëntschellegt ech nach vergiess ze soen dat dat Krappegt vu Sëll ausser Getalks zënter dem 22 Mäerz 2007 keen halwe Liter Mëllech ginn huet. An sou eppes erlaabt et sech aner Leit ze kontroléiere, wat se maachen. Dat ass een Affront fir all seriöse Mataarbechter.
Et deet mer leed, wann do de Wand net bal dréint, da gëtt et schwéier fir an der Coursse ze bleiwen.
Wann een do ass, deem dat Gebraddels vu Bookemäiler net op de Geescht geet, da soll e sech mellen. Merci.

Les Meloures 10:57, 16. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Iwwer Buchen, Hobichen a Bichen änneren

Mer hantéiere bei de Beem mat Buchen an Hobichen. Ech mengen, datt dat net ganz glécklech ass. Ofgesinn dovun, datt den DLW Bich a Bichen ernimmt. Solle mer net bei de Beem Bich an Hobich gebrauchen? Wat seet d'Vollek? Da kéim et och net zu engem "Buch op der Klaus", dat e bësse "komesch" ass. --Cornischong 10:52, 17. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien den DFL huet déi zwee. Soss ass et mär egal wat soll gebraucht ginn . Ech wollt och nach beim Josy kucken, mee anscheinend wees deen näischt vu Beem. Et kann awer och sinn datt ech et just net fonnt hunn. Les Meloures 11:14, 17. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Just eng kleng Info. Ech hunn an der Zäit dacks ze heiere krut, datt esou Changementer vill Aarbecht kaschten, wat mech déizäit ëmmer e bësselche rose gemaach huet, well ausser mir ni ee sech déi vill Aarbecht gemaach huet. Ech géif dann och proposéieren, datt wann ëmbenannt soll ginn, och anegems ee sech offréiert fir d'Linken nosichen ze goen, d'Texter unzepassen, déi falsch Redirecten z'éliminéieren a.s.w. Les Meloures 11:24, 17. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Am LOD kënnt de Bam; hunn ech mer soe gelooss, ënner "Bich" stoen (e feelt nach am Ament, well Planze gesonner behandelt ginn). Mee 't schéngt déi zwou Varianten ze ginn, dofir vläit ëmmer och e Redirect virgesinn. (kuckt och Buch (Homonymie)) --Zinneke 13:44, 17. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

A wéi sti mer dann, intergalaktesch gesinn, do? änneren

Wat vläicht nach kee gemierkt huet: Mer sinn zënter enger Zäitchen hanner der Bishnupriya Manipuri-Wikipedia déi 49. gréisste Wikipedia op der ganzer Welt. Wann eis Mataarbechter mol aus dem Wantersport erëm sinn, wäerte mer déi 20.000-Lat an d'A faassen. All Dag der 400, a mar ass d'Saach gelaf. --Cornischong 00:19, 20. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Flott Saach. Eng fair Propos: Maach du der 200 da maachen ech déi aner Halschent. Bis Enn des Mount sinn dat der 20 den Dag. Dat dierft dach net Welt sinn. :-)) Les Meloures 09:59, 20. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Kategorien Doublon änneren

Mir hunn eng Kategorie:Gemengen a Midi-Pyrénées an eng Kategorie:Gemengen an de Midi-Pyrénées do sollte mir eis vläicht fir eng decidéieren oder ? méngt de --Robby 22:50, 25. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Kirgisien oder awer Kirgistan ? änneren

Op eise Säite gëtt et déi zwou Bezechnunge fir dat Land, ech hunn emol emng Viruleedung vu Kigisien op Kirgistan gemaach. Mee wat mengen eis Linguisten?(vum Robby)

Eng lästeg Saach!! De Feeler mat Kirgisistan ass mäin! Mär war den"isis" entwutscht! Fir eng Kéier ass de Fall einfach a kloer: Mär halen eis wéi ëmmer bei de Länner un dat Däitscht. An deene Fäll ass et den däitschen Ausseministär, deen déi offiziell Lëscht huet fir d'Press an Diplomaten. Déi ass hei ze fannen (www.auswaertiges amt-amt.de/diplo/de/Laenderinformationen/LaenderreiseinformationenA-Z.jsp#IJKL ) ; an do steet Kirgisistan. Esou kënnt et, datt de Fischer Weltalmanach, dee quasi semi-offiziell ass, och Kirgisistan schreift. An dowéinst di mer gutt dru, net nach Verlinkereien ze starten op falsch Wierder oder Nimm, eng Gewunnecht, déi sou lues a Moud kënnt. De Fall "Tschechei" ass jo scho geklärt, obschonns all gudden Dag nees ee schelle kënnt. Et ass also net "awer" Kirgisistan, mee einfach "Kirgisistan. De Kirgisien kënne mer eis also spueren. --Cornischong 10:08, 27. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Katzen oder streiken ? änneren

"Hälls de déi aner Leit fir domm oder wéi.

Mengs de net datt wann een en Neien Artikel mecht a bei deem an den Ännerungen e groussen N virdru steet jidderengem opföällt datt dat en neien Artikel ass.


A wann et en neien Artikel ass, ass et logesch dat mer en nach net haten.

Wéine hälls de endlech mart deem Gefasels vun den neien Artikelen an deenen déi mer nach net haten op.

Stell der mol einfach vir jiddere géif bei all Artikel deen hie schreift esou ee Klamauk opféieren.

Bekäpps de net wat ech der schonns 10 mol gesot hunn oder wëllst et net bekäppen.

Well ech virun enger Zäit geschriwwen hunn datt dat Gekommentärs ouni Sënn fir mech näischt mat der Saach ze dinn huet maachen ech der meng Oppositioun dozou mat engem Streik kloer. Vläicht hëlleft dat der Wikipedia wieder. ???????"
Dat ass e groussen Extrait vun engem Mail, deen ech haut am Nomëtteg krut, nodeems ech mer erlaabt hat, en Artikel iwwer d' Republik Korea unzefänken. Et ass net deen éischte mat deem Zongeschlag (!). Well ech der Meenung sinn, datt dee Sproochstil derwäert ass, datt méi Leit dee genéisse kënnen, setzen ech en emol heihin. Well "De Stamminet ass eng Plaz fir sech ze entspanen, Froe kënnen ze stellen an sech iwwert de Projet ze renseignéieren." Wann et engem duerno ass, fir gewuer ze ginn, vu watfirengem frëndleche Mataarbechter deen Text staamt, da kann en dat natierlech gesot kréien. --Cornischong 16:29, 30. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]