Dës Säiten erkläre wéi eng Informatiounen iwwer Iech opgezeechent ginn, wann Dir bei Wikipedia matschafft. Ausserdeem wëlle mir versichen dorop anzegoe, wat e Benotzerkont ass a wat d'Vir/Nodeeler vun sou engem Kont sinn.

Wichteg Bemierkungen: änneren

  1. Anonymat: dacks bezeechent anonym eng Persoun déi matschafft, mä kee Benotzerkont huet. Dogéint ass e Benotzer eng Persoun, déi matschafft an hire Benotzerkont huet. Eng komplett Beschreiwung zur Politik vum Anonymat fannt Dir op der engleschsproocheger Wiki: http://meta.wikipedia.org/wiki/Privacy_policy.
  2. D'einfacht Liese vun enger Säit gëtt keng Informatioun weider. Trotzdeem späichert Wikipedia, wéi all Internetsite, wien ënner wéi enger IP-Adress wéini wéi eng Säiten besiche war. Dës gespäichert Date ginn ongeféier all sechs Méint erëm geläscht fir Plaz um Server ze maachen. Dës Informatioune ginn net un Drëtter weiderginn, ausser bei explizitter Demande vun der Police oder anere juristeschen Institutiounen.
  3. Wikipedia benotzt déi gespäichert Donnéeën als Basis fir Statistiken, natierlech alles anonym.

Publik Informatiounen, privat Informatiounen änneren

Wéi eng Informatioune gi publik siichtbar 1. wann der anonym matschafft oder 2. wann der e Benotzerkont hutt? Wat gëtt iwwerhaapt gespäichert?

Wat ass e Benotzerkont ? änneren

Dës Säit erkläert Iech wat e Benotzerkont ass a wat d'Vir- an Nodeeler vun sou engem Kont sinn.

Wéi maachen ech e Benotzerkont op ? änneren

Dës Säit erkläert Iech wéi Dir e Benotzerkont opmaacht a wéi Dir e gebrauche kënnt.