Wikipedia:Grënnungsprinzipien

Wikipedia ass eng fräi Enzyklopedie mat fräiem Contenu. Bei Wikipedia matmaache ka jiddwereen an einfach ass et och.

  • Enzyklopedie: D'Neutralitéit an de Sënn vum Contenu sinn eis ganz wichteg.
  • Fräi: Mir benotzen d'Creative Commons Lizenz. Dës Lizenz erlaabt et all Mënsch, ze kopéieren, eng Kopie z'änneren an de Contenu vu Wikipedia weiderzeverbreeden. Déi eenzeg Obligatioune sinn d'Kopien am selwechte Geescht ze halen a Wikipedia als Quell ze ernimmen.
  • Op fir jiddereen: Jidderee kann um Projet mathëllefen, zwéi Mausklicke ginn duer. Deen ee fir Änneren an deen anere fir Ofspäicheren. Dir kënnt Artikelen iwwer all Thema schreiwen, dat Iech intresséiert: Chimie, Geographie, Biographie vun engem Sänger, etc. Fir ze trainéieren ass d'Sandkaul eng gutt Plaz.
  • Einfach: De Prinzip Wiki, deen op dëser Säit benotzt gëtt, vereinfacht d'Uleeën an d'Ännere vun den Artikelen. Fir d'Basis vun dëser Sprooch ze léieren ass ganz einfach. Zwéi Crocheten [[...]] ginn duer fir e Link ze maachen an duebel Apostrophe fir italic ze schreiwen (''...'').

Wikipedia ass ee kollektive Projet, deen natierlecherweis Reegele brauch. Véier fundamental Reegele goufe fixéiert:

  • Neutralitéit: Subjektivitéit an d'Expressioun vun eegene Gefiller ginn net toleréiert. Eng Enzyklopedie beschreift, wat ass.
  • Iwwerpréifbarkeet: Aussoe musse mat Quelle beluecht an nopréifbar sinn.
  • Respektéiert de Copyright: Passt op, datt Der keng rechtlech geschützt Biller oder Texter an Är Artikele setzt.
  • Respekt virun deenen Aneren an hirer Aarbecht.