Wikipedia:Artikel/Syntax

Dës Säit weist Iech, wéi een a Kursivschrëft oder am Fettdrock schreift, a wéi Titelen a Lëschte gemaach ginn.

Beim Ännere vun den Artikelen sinn Iech bestëmmt scho Wierder opgefall, déi tëscht Sonnerzeeche stinn, z. B. ''Wuert'' , '''Wierder''' , == e klenge Saz ==. Oder Zeilen déi mat bestëmmte Zeechen ufänken, z. B. * sou oder # sou .

Mir nennen dës Zeechefolgen Wiki-Tags. Si bestëmmen wéi déi Wierder, déi si ëmklameren, sollen ausgesinn.

Kursivschrëft a Fettdrock änneren

E Wuert tëscht duebelen Héichkommae wéi ''Kursivschrëft'' erschéngt am Artikel a Kursivschrëft, an e Wuert tëscht dräifachen Héichkommae wéi '''Fettdrock''' erschéngt am Artikel fettgedréckt.

Titelen änneren

Wierder tëscht Gläichheetszeechen erschéngen als Titelen:

= Titel 1 = gëtt vun der Wikimedia-Software als Titel fir den Artikel benotzt, am Artikel sollen dës Titelen éischter Uerdnung net weider agesat ginn.

Lëschten änneren

Wann Dir eng Rei Linne mat engem Stäerchen * ufänkt, entsteet eng Lëscht:

Wann Dir d'Linne mat Duebelkräizer # ufänkt, gi se duerchnummeréiert:


Heimat kennt Dir elo d'Basis vun der Syntax vu Wikipedia. Natierlech ginn et nach eng Partie aner Wiki-Tags. En anere ganz wichtegen Wiki-Tag, [[dësen]] , gëtt méi spéit am Kapitel iwwer d'Linken erkläert.

D'Sandkaul ass natierlech fir all Är Tester op.