Déi amerikanesch Drorakéit Pegasus gouf vun der Orbital Sciences Corporation entwéckelt a kann eng Notzlascht vun zirka 450 kg an en niddregen Äerdorbit bréngen.

D'Pegasus-Rakéit um Buedem
D'Pegasus-XL-Drorakéit virum Start

De Start gëtt vun engem Fliger aus gemaach. Am Ufank gouf dofir eng Boeing B-52 gebraucht, duerno eng Lockheed L-1011 TriStar. Beim Start ass d'Rakéit horizontal ausgeriicht a fält 5 Sekonne laang vum Fliger, ier déi éischt Stuf zünt. D'Rakéit besteet aus dräi Stufen, déi all mat festem Dreifstoff bedriwwe ginn, optional kann eng weider mat Hydrazin bedriwwe Stuf ugebaut ginn.

Den éischte Start war de 5. Abrëll 1990. Eng méi staark Versioun, déi fir d'éischt de 27. Juni 1994 gestart gouf, gëtt Pegasus XL genannt. Bis Abrëll 2007 gouf et 41 Rakéitestarten, 35 dovu waren erfollegräich.

Technik

änneren

Déi dräi Orion Feststoff-Motore vun der Pegasus goufe vun Hercules Aerospace (spéider Alliant Techsystems) speziell fir déi Uwendung entwéckelt. Zousätzlech goufen d'Flilleke vu Scaled Composites, d'Leetwierk an d'Notzlaschtverkleedung nei entwéckelt a gebaut.

  • Mass: 18.500 kg (Pegasus), 23.130 kg (Pegasus XL)
  • Längt: 16,9 m (Pegasus), 17,6 m (Pegasus XL)
  • Duerchmiesser: 1,27 m
  • Spanwäit: 6,7 m
  • Notzlascht: 443 kg (1,18 m Duerchmiesser, 2,13 m Längt)

Weiderentwécklungen a Modifikatiounen

änneren

Op Basis vun der Pegasus goufe weider Rakéite entwéckelt:

  • D'HXLV-Rakéit ass eng eestufeg Variant vun der Pegasus, déi gebraucht gouf fir d'X-43-Hyperschallfluchkierper ze starten.
  • D'Taurus-Lite war e Prototyp fir d'Entwécklung vun enger Drorakéit fir d'Rakéitenofwier. Et handelt sech dobäi de facto ëm eng buedemgestarte Pegasus-XL-Rakéit ouni Fligel.
  • D'OBV-Rakéit ass déi asazräif Drorakéit fir d'Rakéitenofwier. Si entsprécht enger silogestarteter Versioun vun der Taurus-Lite mat geännerter Notzlaschtverkleedung.

Weider Rakéitemodeller, déi Komponente vun der Pegasus-Rakéit mat anere Rakéitestufe kombinéieren, sinn:

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Pegasus – Biller, Videoen oder Audiodateien