Minotaur ass eng US-amerikanesch Rakéitefamill, deenen hir verschidde Versioune souwuel als Drorakéite wéi och fir suborbital Starten am Kader vu Rakéitenofwiertester agesat ginn. D'Minotaur gëtt vun der Entreprise Orbital Sciences hiergestallt. Den éischte Start war de 26. Januar 2000. D'Rakéite kënne vun der Cape Canaveral AFS a Florida, der Vandenberg AFB a Kalifornien, vum Kodiak Launch Complex an Alaska a vun der Wallops Flight Facility a Virginia gestart ginn.

Start vun enger Minotaur-II

Well d'Minotaur-Rakéiten op ofgerëschten Interkontinentalrakéite baséieren, déi am Besëtz vun der US-Regierung sinn, kënne se net kommerziell vermaart ginn a stinn nëmmen der amerikanescher Arméi an der NASA zur Dispositioun.

Versiounen op Basis vun der Minuteman-Rakéit änneren

D'Minotaur I ass eng véierstufeg Rakéit an all Stuf benotzt festen Dreifstoff. Déi éischt an zweet Stuf vun der Minotaur baséieren op den zwou éischte Stufe vun de Minuteman-II-Interkontinentalrakéiten, déi am Kader vum START-I-Ofrëschtungsvertrag aus dem Déngscht geholl goufen an elo als Drorakéite verschoss solle ginn. Déi drëtt a véiert Stuf entspriechen allkéiers der zweeter an drëtter Stuf vun der Pegasus-XL-Rakéit. D'Notzlaaschtverkleedung an d'Fluchsteierung gëtt och vun der Pegasus XL iwwerholl. An hirer Notzlaaschtkapazitéit läit d'Minotaur mat 575 kg an enger 200 km héijer Ëmlafbunn eppes iwwer der Pegasus XL. D'Minotaur I gouf ufanks als OSP-SLV (Orbital-Suborbital Program - Satellite Launch Vehicle) bezeechent.

D'Minotaur II ass eng liicht modifizéiert Minuteman-II-Rakéit, déi fir suborbital Tester vum Rakéitenofwiersystem NMD gebraucht gëtt. Si ass och ënner der Bezeechnung OSP-TLV (Orbital-Suborbital Program - Target Launch Vehicle) bekannt.

Versiounen op Basis vun der Peacekeeper-Rakéit änneren

 
Start vun enger Minotaur-IV-Lite

Eng modifizéiert Peacekeeper-ICBM, déi och fir suborbital Tester vum Rakéitenofwiersystem geplangt ass, wäert den Numm Minotaur III kréien. D'Peacekeeper gëtt am Kader vum START-II-Ofrëschtungsvertrag aus dem Déngscht geholl. Dës Versioun ass nach net agesat ginn.

Ënner dem Numm Minotaur IV ass op Basis vun der Peacekeeper-ICBM eng nach méi staark Drorakéit wéi d'Minotaur I entstanen. Minotaur IV ass och véierstufeg, si benotzt déi éischt dräi Stufe vun der Peacekeeper an als véiert Stuf déi drëtt Stuf vun der Pegasus XL. D'Notzlaaschtverkleedung gëtt vun der Taurus-Rakéit iwwerholl. D'Notzlaaschtkapazitéit vun der Minotaur IV ass 1.750 kg an eng 200 km héich Ëmlafbunn.

Den éischte Start war mat engem suborbitale Fluch den 21. Abrëll 2010 vu Vandenberg aus gemaach ginn, allerdéngs nëmmen an enger dräistufeger Variant mam Numm Minotaur IV-Lite. Den éischte Start an d'Äerdëmlafbunn war de 26. September 2010.

Eng Variant mam Numm Minotaur V mat enger zousätzlecher Uewerstuf fir méi héich Ëmlafbunne gouf de 7. September 2013 mam LADEE-Moundorbiter vun der NASA an en héichellipteschen Äerdorbit gestart, aus deem sech d'Sond mat Hëllef vun hiren eegenen Dreifwierker an ettlechen Äerdëmleef an d'Schwéierfeld vum Mound manövréiert huet.[1]

Startlëscht änneren

Déi komplett Startlëscht vun der Minotaur-Rakéit. Stand: 20. November 2013

Laf. Nr. Datum (UTC) Typ Startplaz Notzlaascht Aart vun der Notzlaascht Notzlaascht a kg (brutto¹) Orbit² Bemierkunge
1 27. Januar 2000 Minotaur I VAFB SLC-8 JAWSAT, FalconSat 1, ASUSat, OCS, OPAL, Picosat 1 bis 6 11 Amateurfunksatellitten >220,2 kg ? Erfolleg
2 28. Mee 2000 Minotaur II VAFB LF-06  TLV-Demo Testfluch ? Suborbital Erfolleg
3 19. Juli 2000 Minotaur I VAFB SLC-8 Mightysat-2, MEMS 2A, MEMS 2B 3 Technologietestsatellitte 130,4 kg ? Erfolleg
4 4. Dezember 2001 Minotaur II VAFB LF-06 IFT-7 Target Rakéitenofwiertest ? Suborbital Erfolleg
5 13. Mäerz 2002 Minotaur II VAFB LF-06 IFT-8 Target Rakéitenofwiertest ? Suborbital Erfolleg
6 15. Oktober 2002 Minotaur II VAFB LF-06 IFT-9 Target Rakéitenofwiertest ? Suborbital Erfolleg
7 11. Dezember 2002 Minotaur II VAFB LF-06 IFT-10 Target Rakéitenofwiertest ? Suborbital Erfolleg
8 11. Abrëll 2005 Minotaur I VAFB SLC-8 XSS 11 Technologietestsatellit 100 kg ? Erfolleg
9 23. September 2005 Minotaur I VAFB SLC-8 Streak Technologietestsatellit 417 kg ? Erfolleg
10 15. Abrëll 2006 Minotaur I VAFB SLC-8 FORMOSAT-3, LCT2 Konstellatioun aus 6 Äerdobservaiounssatellitten, Rakéitestuf zu der experimenteller Kommunikatioun >420 kg ? Erfolleg
11 16. Dezember 2006 Minotaur I WFF LC-0B Tacsat 2, GeneSat-1 Technologietestsatellit, CubeSat 374 kg ? Erfolleg
12 21. Mäerz 2007 Minotaur II VAFB LF-06 SBX Target Rakéitenofwierradartest ? Suborbital Erfolleg
13 14. Abrëll 2007 Minotaur I WFF LC-0B NFIRE Technologietestsatellit vum Rakéitenofwierprogramm 494 kg ? Erfolleg
14 23. August 2007 Minotaur II+ VAFB LF-06 NFIRE Target Rakéitenofwiertest ? Suborbital Erfolleg
15 23. September 2008 Minotaur II+ VAFB LF-06 NFIRE Target Rakéitenofwiertest ? Suborbital Erfolleg
16 19. Mee 2009 Minotaur I WFF LC-0B Tacsat 3, AeroCube-3, PharmaSat-1, HawkSat-I, Polysat-CP6 Technologietestsatellit, CubeSats ? LEO Erfolleg
17 22. Abrëll 2010
23:00
Minotaur IV-Lite VAFB SLC-8 HTV-2a Hypersoneschen (Mach 19) Testfluchkierper ? Suborbital Erfolleg
18 26. September 2010
04:41
Minotaur IV VAFB SLC-8 SSBS Weltraumiwwerwaachung 1031 kg SSO Erfolleg
19 20. November 2010
01:25
Minotaur IV HAPS, mat Hydrazin Auxiliary Propulsion System (HAPS) fir e méi héijen Orbit ze erreechen Kodiak LP-1 STPSat 2, FASTSAT, FASTRAC-1, FASTRAC-2, FalconSat 5, O/OREOS, RAX, NanoSail D2 Technologietestsatellitten 180 kg, 140 kg, 15 kg, 15 kg, ?, 5 kg, 3 kg, 4 kg LEO Erfolleg
20 6. Februar 2011
12:26
Minotaur I VAFB SLC-8 NROL-66 Militäresche Satellit ? SSO Erfolleg
21 30. Juni 2011
03:09
Minotaur I WFF LC-0B ORS 1 Opklärungssatellit ? ? Erfolleg
22 11. August 2011
Minotaur IV-Lite VAFB SLC-8 HTV-2b Hypersonesche (Mach 19) Testfluchkierper ? Suborbital Erfolleg
23 27. September 2011
15:49
Minotaur IV Kodiak LP-1 TacSat 4 Technologietestsatellit 450  LEO Erfolleg
24 7. September 2013
03:27
Minotaur V WFF LADEE Moundsond 383 kg HEO Erfolleg

éischte Minotaur-V-Start

25 20. November 2013
01:15
Minotaur I WFF LC-0B ORS-3 Mission: STPSat 3, ORSES, ORS Tech 1, ORS Tech 2, SENSE 1, SENSE 2, Firefly, Ho‘oponopono 2, STARE B (Horus), Prometheus 1 - 8, Black Night 1, CAPE 2, ChargerSat 1, COPPER, DragonSat 1, KySat 2, NPS-SCAT, PhoneSat 2.4, TJ3Sat, SPA-1 Trailblazer, SwampSat, Vermont Lunar Cubesat Militäresch Satellitten, Cube-Sats 400 kg LEO Erfolleg

¹ Bruttogewiicht = (Satellitten + Adapter, Gehais asw.)

² NET zwangsleefeg den Zilorbit vun der Notzlaascht - mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der Uewerstuf ausgesat soll ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Minotaur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. NASA Budgetschätzung (PDF; 649 kB), Säit 20