Fernand Barnich

lëtzebuergeschen Auteur

De Fernand Barnich, gebuer den 22. Oktober 1939 zu Rëmeleng[1] an och do gestuerwen den 29. Oktober 2010[2], war e lëtzebuergeschen Auteur[3].

Fernand Barnich
Gebuer 22. Oktober 1939
Rëmeleng
Gestuerwen 29. Oktober 2010
Rëmeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser

Liewen änneren

Hie war Professer am Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette. Fir seng Schüler war hien de Joe, mat enger Uspillung un dee Klengste vun den Dalton-Bridder aus dem Lucky Luke.

Wierk (Auswiel) änneren

  • Um Block. E Stéck an 10 Biller. Differdange 1977. Opgefouert am Januar 1976.
  • Hannert de Kulissen oder De Grof vu Butschebuerg. Opgefouert am Januar 1978.
  • De Gaalgebierg. Differdange 1983, Opgefouert am Januar 1982.
  • E Fall fir sech. Eng Enqête. Dréibuch fir de Film vum Gast Rollinger fir RTL, 1984.
  • De wëlle Mann, Theaterstéck

Gielchen änneren

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006: S. 34.
  2. Cf. Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr. 258 vum 5. November 2010: S. 50.
  3. Luxemburger Autorenlexikon, Barnich Fernand
  4. Des personnalités de la vie culturelle et artistique à l’honneur - Remise de décorations à la Bibliothèque nationale am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1976 op der Säit 10 op eluxemburgensia.lu