Den Hierzesprong ass e Flouer zu Rëmeleng, wou fréier eng Minière an haut eng Cité ass. E gëtt am Norden duerch de Kierchbierg, am Westen duerch Walert, am Süden duerch déi franséisch Grenz mat der Ëttenger Cité St. Paul, an am Osten duerch d'Lachergaass (rue Haute) an d'Loutrenger Strooss (rue Henri Lück) begrenzt.

Streng geholl läit am Norden nieft dem Kierchbierg nach de Flouer An der Millchen' mam fréiere Miltgeshaff, am Nordweste kënnt e Stéck vu Vir Haasselt erun, a Walert leeft ronderëm vu Westen iwwer Süden an den Oste bis zum Bourefeld, mä d'Cité huet hire Flouer de facto zu Ongonschte vu Walert ausgebreet.

Urspronk vum Flouernumm änneren

Eng falsch däitsch Iwwersetzung vun "Ierzspronk" op "Hirzensprung" an nees zeréck op "Hierzesprong" ass dee warscheinlechsten Urspronk. Vun Däitsch-Oth eriwwer iwwer d'Häd zu der loutrengescher Grenz hi verleeft eng Schichtestéierung, wou d'Minett e bal 100 m déiwe Sprong an d'Déift mécht. Déi staark Verwitterung vun ale Kéip op där Plaz léisst vermudden, datt schonn an aler Zäit do no Minett gegruewe gouf, sou datt dee Spronk scho fréi bekannt war.

De P. Anen fir säin Deel hat gemengt, de Flouernumm kéim vum aldäitsche Wuert "Hirz" fir en Hirsch, mee et ass net unzehuelen datt jee en Hirsch e Spronk iwwer d'Walertsschlucht gemaach hätt.[1]

Geschicht änneren

Vun 1880 bis 1951 gouf do Minett aus dem Buedem geholl, uganks ënner Dag an duerno iwwer Dag.

1975 ass eng Cité entstanen[2], déi an den 1980er Joren mam Zweeten Hierzesprong erweidert gouf.

Referenzen änneren

  1. Nicolas Charpentier, Rümelinger Land und Leute, 1957
  2. Brochure Rëmelenger Stadweeër, S. 11 Gearchiveerd op 2018-08-14. Gekuckt de(n) 2020-08-15.