Wale fir d'Europäescht Parlament 1979 (Lëtzebuerg)

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 1979 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 1979-1984 vertrueden hunn.

Fir d'éischt Kéier waren et Direktwalen, dat heescht datt déi 410 Deputéiert vun den deemools néng Memberstaaten direkt vum Vollek fir eng Period vu fënnef Joer gewielt goufen. Virdrun huet sech d'Europaparlament aus Vertrieder vun den nationale Parlamenter zesummegesat[1].

Si goufen den 10. Juni 1979 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 1979, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.

Zuel vun den Deputéiert änneren

No laange Verhandlungen am Virfeld vun de Walen, konnt Lëtzebuerg als klengsten EU-Memberstaat duerchsetzen, datt all Land op d'mannst sechs Deputéiert zougestane kritt, fir eng gewësse Pluralitéit bei der politescher Representatioun vun engem Memberstaat um europäesche Plang ze garantéieren. Well streng geholl, hätt Lëtzebuerg proportionell zu der Awunner nëmmen dräi Deputéiert zegutt gehat. Parallel dozou gouf awer och d'Héchstzuel vun den Deputéiert pro Land op 81 festgeluecht, fir e Gläichgewiicht tëscht de grousse Länner Däitschland, Frankräich, Italien a Groussbritannien ze schafen[1].

Resultat änneren

D'CSV koum op 36,12 Prozent vun de Stëmmen an domat op 3 Sëtz; direkt gewielt goufen de Pierre Werner, Fernand Boden a Jacques Santer. Déi dräi hunn awer op hiert europäescht Mandat verzicht fir e Ministerposten an der Lëtzebuerger Regierung unzehuelen. Se goufen ersat duerch de Jean Spautz, Nicolas Estgen a Marc Fischbach.

Zweetstäerkst Kraaft mat 28,12% vun de Stëmme gouf d'DP mat 2 Sëtz. Vun den Direktgewielten huet d'Colette Flesch hiert Mandat ugeholl, iwwerdeems de Gaston Thorn mat an d'Regierung goung. Fir hien ass de Jean Hamilius an d'EU-Parlament nogeréckelt.

De leschte Sëtz goung un d'LSAP déi 21,64 Prozent vun de Stëmme krut an de Victor Abens als Deputéierten an d'EU-Parlament geschéckt huet.

Partei % Ënnerscheed Sëtz Ënnerscheed
CSV
(Chrëschtlech Sozial Vollekspartei)
36,12 3
DP
(Demokratesch Partei)
28,12 2 -
LSAP
(Lëtzebuergesch Sozialistesch Aarbechterpartei)
21,64 1
SDP
Sozialdemokratesch Partei
7,00 0
KPL
(Kommunistesch Partei Lëtzebuerg)
5,00 0
LCR
(Ligue communiste révolutionnaire)
0,52 0
Alternativ Lëscht "Wiert Iech!" 0,97 0
Liberal Partei 0,58 0
Total 100 - 6 -
Quell: CEVIPOL, UBL

Deputéiert änneren

[2]

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Steve Bissen (2019) an der Literatur
  2. https://download.data.public.lu/resources/resultats-des-elections-europeennes-au-grand-duche-de-luxembourg-de-1979-1989/20170629-150001/Elections_EU_1979-1989.pdf