De WR 104 ass e Wolf-Rayet-Stär, deen am Joer 1998 entdeckt gouf. Hien ass ronn 8.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech. Et handelt sech bei dësem Stär ëm en Duebelstäresystem mat engem Begleeder vun der Klass OB. Béid Stären ëmkreese sech an 220 Deeg an duerch d'Beaflossung vun hirem Sonnewand entsteet e spiralfërmegt Muster mat enger Ausdeenung vu ronn 200 AU.

WR 104
Falschfaarwen Infraroutfoto vum Wolf-Rayet-Stär WR 104 vum W. M. Keck Observatoire
Stärebild: Sagittarius (Sgr)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 18h 02m 04.07s
Deklinatioun - 23° 37' 41.2"
Visuell Magnitude 13.54 mag
Spektralklass: WCv+
Verännerleche Stärentyp
Astrometrie
Radialvitess:
Parallax
Distanz 8000 Lj / 2400 PC
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 25
Radius: 3
Aner Bezeechnungen
CSI -23-17590
Had V82
IRAS 17590-2337
IRC -20417
MSX6C G006.4432-00.4858
UCAC2 22296214
Ve 2-45
Aner Katalogen V* V5097 Sgr, MR80,
JP11 5559, RAFGL 2048

Beschreiwung änneren

D'Material vun der Spiral ass Stëbs, dee sech wéinst der intensiver Stralung, déi vum WR 104 ausgeet normalerweis net forme géif, awer duerch säi Begleetstär erméiglecht gëtt, well an de Regiounen, an deenen d'Sonnewande vu béide masseräiche Stären openee stoussen, d'Matière wäit genuch verdicht gëtt, fir Stëbs ze produzéieren, woubäi d'Rotatioun vum System dat siichtbar spiralfërmegt Muster formt.

E puer optesch Miessungen deiten drophin, datt d'Rotatiounsachs vum WR 104 bis op ongeféier 16° a Richtung Äerd weist. Dat hätt bei enger Hypernova vun dësem Stär Konsequenze fir d'Äerd, well bei sou Explosiounen dacks Jets vun hire Rotatiounspolen ausginn. Eng vun dëse Reaktioune wier méiglecherweis souguer e Gammablëtz. Et ass haut nach net méiglech, sou en Evenement mat Sécherheet virauszesoen. Nei spektroskopesch Daten deiten awer drophin, datt d'Rotatiounsachs vum Stär éischter 30-40° vun der Äerd ewech weist.[1],[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Discovery News August 4, 2009 (en) ; ofgeruff den 13. Mäerz 2013.
  2. Universe Today January 7, 2009 (en) ; ofgeruff den 13. Mäerz 2013.