De W49B (oder SNR G043.3-00.2 oder och 3C 398) ass en Emissiounsniwwel, deen aus enger Typ Ib oder Typ Ic-Supernova entstanen ass. Déi Supernova war ëm d'Joer 1000 n. Chr op der Äerd ze gesinn. Méiglecherweis entstoung duerch d'Supernova e Gammablëtz an e Schwaarzt Lach.

Emisiounsniwwel
W49B
Den Emissiounsniwwel W49B
Stärebild Aquila (Aql)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 19h 11m 09s
Deklinatioun + 09° 06' 24"
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 26000

De W49B huet d'Form vun engem Faass a läit ronn 8000 Parsec (26000 Liichtjoer) vun eiser Äerd ewech. Bei den neisten Observatioune goufen infrarout Réng ëm d'Faass entdeckt, déi en Duerchmiesser vun ongeféier 25 Liichtjoer hunn. Ausserdeem gouf laanscht seng Achs eng Röntgenstralung vun Néckel an Eisen, entdeckt. De Stär, deen an dëser Supernova explodéiert ass, huet sech warscheinlech aus enger dichter Gaswollek gebilt, ier e gliddeg, gasfërmeg Réng ofgestouss huet, déi eng Blos gebilt hunn, an dann a enger Supernova explodéiert ass.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren