Joseph Weber (Zänndokter)

Zänndokter, Botaniker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Zänndokter Joseph Weber. Fir mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Joseph Weber.

De Franz Joseph Weber, gebuer den 23. Juni 1856 zu Ierpeldeng (Wolz), gestuerwen den 3. Oktober 1908 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergeschen Zänndokter, Botaniker, Linguist a Konsul.

Joseph Weber
Gebuer 23. Juni 1856
Gestuerwen 3. Oktober 1908
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Botaniker
De Franz Jos. Weber.[1]

Liewen änneren

De Joseph Weber huet Zännmedezin op der Fakultéit fir Medezin a Chirurgie zu Glasgow studéiert an huet sech de 14. Mäerz 1879 zu Lëtzebuerg als Zänndokter etabléiert.[3]

Zanter 1880 war hie Membre effectif vun der Société de botanique du grand-duché de Luxembourg[4] an huet an der Publikatiounsserie vun dëser Gesellschaft am Joer 1890 de Lezeburjesch - latein - fransesch - deitschen Dixionèr fun de Planzen publizéiert.[5]

De Joseph Weber war Member vun der Commission du Dictionnaire luxembourgeois zanter hirer Ariichtung am Joer 1897.[2]

Bei der Fusioun vun der Société de botanique mat der Société des naturalistes luxembourgeois den 3. Februar 1907 gouf hie Vizepresident vun der SNL.[6]

Weider Funktiounen:

De Joseph Weber war bestuet a Papp vun zwee Kanner.[8]

E Stroossennumm änneren

Zu Zéisseng gëtt et eng rue Joseph Weber (L-2717); si steet a Verbindung mat der rue des Prunelles an der rue de la Forêt. Dëse Stroossennumm baséiert op enger Deliberatioun vum Stater Schäfferot vum 14. Februar 1955.[9]

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Weber, J., 1885. Dr. A. Rollinger, Notice Biographique. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 9-10: 23-24. PDF 5,5 MB
  • Weber, Josef, 1890. Lezeburjesch - latein - fransesch - deitschen Dixionèr fun de Planzen. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 12: 43-144. PDF 4,9 MB
  • Weber, Joseph, 1907. J.P.J Koltz †, Ehrenpräsident der botanischen Sektion. Ehemaliger Präsident der Botanischen Gesellschaft und des Vereins "Fauna". Nachruf. Bull. Soc. Nat. luxemb. 17: 218-220.

Literatur änneren

  • Anonym, 1908. Zum immerwährenden, ehrenden Andenken an Dr. Josef Franz Weber. Zwen Dodekränz. Ons Hémecht 14: 401-403.
  • Blum, M., 1909. Freundschaftliches Vergissmeinnicht an den in voller Manneskraft hingeschiedenen Herrn Dr. Franz-Jos. Weber, D.L.S., Zahnarzt, italien. General-Consul, den unvergesslichen Präsidenten des Vereines " Ons Hémecht ". Luxembourg: Fr. Bourg-Bourger, 82 p.
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1343-1756, [1]-23, [1] (J. Weber: S. 1658-1659).
  • Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bull. Soc. Nat. luxemb. 91: 5-214. PDF 12 MB

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Cf. Blum 1909 an der Literatur.
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 Cf. Massard 1990: 171 an der Literatur.
  3. Durch Beschluss vom 14. März ist Hr. Franz Joseph Weber von Ulflingen als Zahnarzt zur Praxis zugelassen worden. Cf. LW Nr. 63: 2, 17. März 1879.
  4. Cf. Liste des membres effectifs in: Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg IX-X: 6.
  5. Cf. Weber 1890 am Kapitel Publikatiounen.
  6. Cf. Massard 1990: 33 an der Literatur.
  7. Luxemburger Lexikon, Säit 453
  8. Karl Johann Joseph (*14. Dezember 1885), Rubrik Zivistand am LW vum 19.12.1885; Elisabeth Marie Brigitte (*21. Februar 1888), Rubrik Zivistand am LW vum 25.02.1888.
  9. Beck, F., 2011. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: Ons Stad, 97 (2011), S. 64. [1]