De Groräer (Ardea cinerea), och Fëschräer genannt, ass eng Vullenaart aus der Famill vun de Räeren (Ardeidae) bannent der Uerdnung Pelecaniformes. En ass wäit verbreet an Eurasien an an Afrika a kënnt relativ heefeg vir. Et gëtt véier Ënneraarten op der Welt. A Mëtteleuropa ass dat d'Ardea cinerea cinerea.

Groräer
E Groräer

E Groräer
E Groräer
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Pelikanvullen
Famill: Räeren (Ardeidae)
Gattung: Ardea
Wëssenschaftlechen Numm
Ardea cinerea
L. 1898

Morphologie änneren

De Groräer gëtt tëscht 90 cm bis 1 m laang a weit gewéinlech tëscht 1 an 2 kg. D'Spanwäit tëscht de Flilleksspëtzte geet op 175 bis 195 cm. D'Männercher sinn e bësse méi grouss wéi d'Weibercher, soss gëtt et keen Ënnerscheed tëscht de Geschlechter am Ausgesinn.

Groräer hunn op der Stier an dem ieweschte Kapp wäiss Fiederen, um Hals si se growäiss, an um Réck äschegro (dohier säin NUmm) mat wäissem Bord. Se hunn e schwaarze Bord ronderëm d'Aen an dräi laang Fiederen um Kapp, déi eng Zort Mèche maachen. Ausserdeem hu se dräi schwaarz Flecken um viischten Hals, a schwaarz Flillekefiederen. De Schniewel huet eng gielzeg Faarf.

Fir fortzefléien, muss de Groräer fir d'éischt kleng Spréng maachen. Se fléie mat engem luese Fligelschlag an zéien de Kapp ganz un de Kierper erun, sou datt den Hals en 'S' mécht. Just wa se landen oder fortfléien, ass den Hals riicht ausgestreckt. Wa se op Sich no Fudder ginn, trëppele se lues doruechter mat engem liicht no vir gestreckten Hals.

Verbreedung änneren

 
hellgréng: Bruttgebitter
donkelgréng: ganzjääregt Virkommen
blo: Iwwerwanterungsgebitter

De Groräer fënnt een an den tempréierten a südlechen Zone vun Europa an och an Asien, ausserdeem bal am ganze südlechen Afrika, wou et genuch Vegetatioun an deemno klengt Gedéiesch gëtt.

Jee nodeem, wou en hier ass, zitt de Groräer a méi waarm Géigenden, oder och net.

Habitat a Kascht änneren

D'Groräere sinn net all ze kriddelech, wat hire Liewensraum ugeet: Et muss Waasser gi mat Zonen, wou et net déif ass, sief et bei Flëss, Weieren, Séien, bannen am Land oder no bei der Küst, oder awer suppeg Wisen.

Si erniere sech vu Fësch a klengem Gedéiesch, déi se fänken, andeems se lues doruechter trëppelen an da blëtzschnell mam Schniewel zouschnapen.

Literatur änneren

  • James A. Kushlan & James A. Hancock: Herons. Oxford University Press, 2005, ISBN 0-19-854981-4

Um Spaweck änneren

Commons: Groräer – Biller, Videoen oder Audiodateien