Pierre-Ernest Dams
belsch-lëtzebuergesche Politiker a Riichter
De Pierre-Ernest Dams, gebuer zu Réimech de 14. September 1794, a gestuerwen den 20. Dezember 1855 zu La Malgrange, war e belsch-lëtzebuergesche Politiker a Riichter.
Pierre-Ernest Dams | |
---|---|
Gebuer |
14. September 1794 Réimech |
Gestuerwen |
20. Dezember 1855 Jarville-la-Malgrange |
Nationalitéit | Belsch, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Jurist, Riichter |
No sengem Droitsstudium dat hien 1817 ofgeschloss hat, gouf den Dams 1824 Friddensriichter am Kanton Gréiwemaacher, a koum 1830 op Réimech wou hien déi Funktioun bis 1839 hat.
Vun 1830 bis 1831 war hie Member vum belschen Nationalkongress fir den Distrikt Gréiwemaacher, an duerno vun 1831 bis 1837 Member vun der Representantekummer.
Zu Lëtzebuerg war hie vun 1842 bis 1845 Member vun der Assemblée des états, 1848 Member vun der Assemblée constituante a vun 1848 bis 1853 Deputéierten an der Chamber.[1]
Gielchen
änneren- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1842)[2]
Literatur
änneren- Paul Noesen: Pierre Ernest Dams. In: Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 02, page 570-579.
Referenzen
änneren- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 512-513
- ↑ ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL du 1er janvier 1842, L' A, portant nomination de membres de l'Ordre royal grand-ducal de la Couronne de Chêne publizéiert am Memioral N°4 vun 1842