Vasco da Gama (Moundkrater)
Vasco da Gama ass en Aschlagkrater um westlechste Rand vun der viischter Moundsäit, an ass dofir, wann iwwerhaapt, nëmme staark verzerrt vun der Äerd aus ze gesinn. De Krater läit nordëstlech vum Moundkrater Bohr a südlech vum Krater Dalton. Hien ass staark erodéiert. Bannen ass de Krater vu Bréch duerchzunn an huet eng konzentresch Rankstruktur mat Zentralbierg. De Buedem vum Niewekrater Vasco da Gama R gëtt vum Moundrillesystem Rimae Vasco da Gama duerchzunn.
Vasco da Gama | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | 13,77 N |
Längt | -83,9 W |
Duerchmiesser | 93,52 km |
Déift | 2780 m |
Selenographesch Längt | 85° bei Sonnenopgank |
Genannt 1935 nom | Vasco da Gama (zirka 1460–1524) |
De Krater gouf 1935 vun der IAU offiziell no dem portugiseschen Entdecker Vasco da Gama genannt.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 12,62° N, 80,02° W | 23 km | [1] |
B | 15,7° N, 83,06° W | 25 km | [2] |
C | 11,43° N, 85° W | 47 km | [3] |
F | 13,86° N, 80,72° W | 55 km | [4] |
P | 11,97° N, 80,31° W | 103 km | [5] |
R | 10° N, 83,4° W | 55 km | [6] |
S | 12,63° N, 82,87° W | 28 km | [7] |
T | 11,83° N, 83,43° W | 20 km | [8] |