Bohr (Moundkrater)

Moundkrater

De Bohr ass en Aschlagkrater um westlechste Rand vun der viischter Moundsäit. Hien ass dofir, wann iwwerhaapt, nëmme staark verzerrt vun der Äerd aus ze gesinn. Am Nordoste beréiert hien de Wall vum Vasco da Gama, an am Nordweste läit de Krater Einstein. De Kraterrand ass staark erodiert an deelweis vu méi jonke Krateren iwwerlagert.

Bohr (Moundkrater)
De Moundkrater Bohr an de Vasco da Gama, lénks ënnen de Vallis Bohr (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 12,66° N
Längt -86,49° W
Duerchmiesser 70,07 km
Déift 4090 m[1]
Selenographesch Längt 87° bei Sonnenopgank
Genannt nom Niels Bohr (1885–1962)
Krut säin Numm am Joer 1964

De Krater Bohr gouf 1964 vun der IAU offiziell nom dänesche Physiker Niels Bohr genannt.

Südwestlech vum Bohr läit de Mounddall Vallis Bohr.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

  • [1] Kaarteblad Nr. 55

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.