Lunar Reconnaissance Orbiter

(Virugeleet vu(n) LROC)

De Lunar Reconnaissance Orbiter (kuerz LRO) ass eng Moundsond vun der NASA, déi den 18. Juni 2009 um 21:32 UTC vum Cape Canaveral AFS Launch Complex 41 aus zesumme mam Lunar Crater Observation and Sensing Satellite(LCROSS) op de Mound gestart ass. D'Zil vun der Missioun war déi héichopgeléist Kartéierung vun der ganzer Mounduewerfläch (Topographie, Fotografie, Unzeeche fir d'Virkomme vu Waasseräis ze fannen) an d'Miessung vun der kosmescher Stralebelaaschtung. Den LRO ass en Deel vum Lunar-Quest-Programm fir d'Erfuerschung vum Äerdmound.

Lunar Reconnaissance Orbiter
Graphesch Duerstellung vum Lunar Reconnaissance Orbiter op enger Moundëmlafbunn
Typ Äerdmoundfuerschung
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 2009-031A
Startmass 1.916 kg (dovun 898 kg Dreifstoff)
Start 18. Juni 2009 um 21:32 UTC
Startplaz Cape Canaveral AFS Launch Complex 41
Drorakéit Atlas V
Status aktiv

Missioun änneren

Den LRO sollt den Äerdmound fir op d'mannst e Joer op engem niddrege polaren Orbit an enger Héicht vun 30 bis 50 Kilometer ëmkreesen. Als Startrakéit sollt ufanks eng Delta II fir déi ronn 1.000 Kilogramm schwéier Sond déngen. Am Dezember 2005 huet d'NASA hire Plang geännert an decidéiert, d'Sond entweeder mat enger Delta IV oder Atlas V ze starten, well d'Delta II nëmmen eng drallstabiliséiert Uewerstuf huet, déi d'Ufuerderunge fir de Start vum LRO net erfëllt. Den 28. Juli 2006 hat d'NASA bekannt ginn, datt de Start mat enger Atlas-V(401)-Drorakéit géif gemaach ginn.

Well d'Atlas V vill méi staark wéi déi ufanks geplangt Delta II ass, konnt d'Sond ëm ongeféier 1.000 Kilogramm méi schwéier gemaach ginn. Et war sou méiglech, zousätzlech Notzlaascht, zum Beispill en Impakter, e Lander oder e separate Kommunikatiounsmikrosatellit, op de Mound matzehuelen. Nodeem d'NASA ettlech Virschléi fir zousätzlech Notzlaascht krut, gouf den 10. Abrëll 2006 d'Impakter-Variant a Form vun der LCROSS-Missioun bekanntgemaach.

De Goddard Space Flight Center zu Greenbelt (Maryland) huet d'Sond gebaut, wärend d'Instrumenter vu Privatfirme geliwwert goufen. De Budget vun der ganzer Missioun, inklusiv LCROSS, huet sech op 583 Milliounen US-Dollar belaf.[1]

50 Ziler op der Mounduewerfläch goufe mat besonnescher Prioritéit opgeholl. Dozou zielen och d'Landeplaze vu verschiddene Missiounen. Fotoe vun den Apollo-Landeplazen sollte weider Erkenntnesser vun der geologescher Ëmgéigend bréngen, fir d'Resultater vum Apollo-Programm méi genee beuerteelen ze kënnen. Och d'Landeplaz vum Lunochod 1 war en Zil, well no der bal eejäreger Faart vum Rover deem seng Endpositioun net genee bekannt war. Och d'„Aschlagpunkte“ vu Feelschléi sollen erfaasst ginn.

Fotoe vun de Landeplaze goufen am September 2011 publizéiert. D'Fotoe vun der Landeplaz vun Apollo 17 loossen och d'Foussofdréck vun den Astronauten, Fuerspuere vum Moundauto an d'Plaze wou wëssenschaftlechen Instrumenter stinn, erkennen.

Instrumenter änneren

 
D'Instrumenter vum Lunar Reconnaissance Orbiter

Mat sechs ënnerschiddleche wëssenschaftlechen Instrumenter huet den LRO de Mound méi genee ënnersicht wéi dat jee virdru gemaach gouf. Ausserdeem war eng Technologiedemonstratiounsnotzlaascht verbaut, wat ee vum US-Verdeedegungsministère entwéckelte Synthetic Aperture Radar war (vgl. och Chandrayaan-1). Dofir stoungen am Ganze 685 Watt elektresch Leeschtung vun de Solarzellen mat 4,3 mol 3,2 Meter Gréisst a Lithium-Ionebatterien mat 80 Ah Leeschtung zur Dispositioun. D'Date goufen am Ka-Band iwwerdroen.[2]

  • De LOLA (Lunar Orbiter Laser Altimeter) ass e Lidar, mat deem eng ganz genee topographesch Kaart vum Mound erstallt soll ginn. Et besteet och d'Méiglechkeet fir d'Detektioun vun Uewerflächenäis an de Polarregiounen.
  • Den LROC (Lunar Reconnaissance Orbiter Cameras) mécht souwuel Wäitwénkelfotoen (Wide Angle Camera, WAC), wéi och detailléiert Fotoe (Narrow Angle Camerae, NAC) vu méiglechen neie Landeplazen. Aus der virgesinner Orbithéicht vu 50 Kilometer huet den LROC eng Opléisung vu 0,5 Meter pro Pixel.
  • Den LEND (Lunar Exploration Neutron Detecter) zielt Neutronen, déi vun der Mounduewerfläch fort ginn. Domat soll Waasser fonnt ginn, well Waasser absorbéiert Neutronen. Eng méi kleng Stralung op engem bestëmmte Gebitt ass also en Hiwäis op Waasser. Den LEND gëtt vum Igor Mitrofanov, vum Institute for Space Research, Federal Space Agency, zu Moskau entwéckelt a baséiert op dem HEND-Instrument vun der Mars Odyssey Sond.
  • Den DLRE (Diviner Lunar Radiometer Experiment) kartographéiert d'Temperatur vun der Mounduewerfläch. Och mat deem Instrument soll no Waasser gesicht ginn.
  • Den LAMP (Lyman-Alpha Mapping Project) sicht no Äisvirkommen an der Däischtert vun de Krateren op de Polen, déi permanent am Schied leien. E notzt dobäi d'Reflexioun vum Stäreliicht am Beräich vun der ultravioletter Stralung.
  • Den CRaTER (Cosmic Ray Telescope for the Effects of Radiation) miesst de méigleche biologeschen Effekt vu kosmescher Stralung.
  • De Mini-RF ass eng Technologiedemonstratioun vun engem Single Aperture Radar (SAR), deen am X-Band an S-Band schafft. De Mini-RF déngt fir d'Demonstratioun vum neie liichtgewiichtegen SAR, vu Kommunikatiounstechnologien an der Ortung vu méiglechem Waasseräis.

Missiounsverlaf änneren

 
Dat éischt LRO-Bild weist en 1,4 mol 1,4 km groussen Ausschnëtt südlech vum Mare Nubium

Den LRO war zesumme mam LCROSS den 18. Juni 2009 um 21:32 UTC mat enger Atlas-V-Rakéit gestart. Déi huet d'Sonden an e provisoresche Parkorbit ëm d'Äerd bruecht. No 24 Minutte war eng weider Zündung vun den Dreifwierker vun der Centaur-Uewerstuf erfollegt, déi d'Kombinatioun an eng héichelliptesch Bunn Richtung Mound bruecht huet. Kuerz duerno gouf d'Rakéit ëm 180 Grad gedréit an den LRO geléist. Den 23. Juni um 09:47 UTC gouf d'Dreifwierk fir 40 Minutte gezünt, fir d'Sond ofzebremsen, sou datt si an eng polar Moundëmlafbunn ageschwenkt ass. Véier weider Dreifwierkszündungen am Verlaf vun de follgende fënnef Deeg hunn d'Ëmlafbunn vun ufanks 220 Kilometer zu 3100 Kilometer op 31 Kilometer (Südpol) zu 199 Kilometer geännert. Op dësem Orbit goufen all Instrumenter a Betrib geholl a kalibréiert. Wärend der ronn 60-deegeger Phas gouf och d'Héicht op ronn 50 Kilometer reduzéiert. D'Sond kartéiert zënterhir de Mound a sammelt Daten iwwer Ressourcen an d'Stralebelaaschtung um Mound. D'Missioun soll schliisslech mat engem gezielten Opschlag um Mound ophalen.

Éischt Biller vum LROC goufen den 2. Juli 2009 publizéiert. De 17. Juli 2009 huet d'NASA Biller vu fënnef Landeplaze vum Apollo-Programm publizéiert, op deenen déi um Mound verbliwwen Ënnerstufe vun der Moundlandefär ze gesi sinn. Duerch de niddrege Sonnestand sinn op de Biller d'Ënnerstufe vun de Lunar-Moduler virun allem durch déi laang Schieter ze erkennen.

Am September 2011 hat d'NASA e Video publizéiert, dat d'Landeplaze vun Apollo 12, 14 a 17 an nach méi héijer Opléisung weist. Am Mäerz 2012 gouf déi éischt Foto vun der Apollo 11 Landeplaz aus dem definitiven Orbit an enger Héicht vu 24 km publizéiert. Op hir sinn nieft dem Landemodul an de wëssenschaftlechen Instrumenter och d'Foussspuere vun den Astronauten z'erkennen. Dës Biller kënnen d'Verschwörungstheorien zu der Moundlandung widderleeën.

Den LRO schafft nach weider bis viraussiichtlech 2016.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Lunar Reconnaissance Orbiter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://news.cnet.com/8301-19514_3-10268241-239.html
  2. Héichvitess Downlink mat 100 Mb/s) an S-Band (an den zwou Direktiounen)