Dalton (Moundkrater)
Moundkrater
Den Dalton ass en Aschlagkrater um nordwestleche Rand vun der viischter Moundsäit. Hie läit südlech vum Krater Balboa um westleche Rand vum Oceanus Procellarum. De Kraterrampli ass terrasséiert. En huet en Zentralbierg an et kann ee Brochstrukture gesinn.
Koordinaten | 17°4'12"N, 84°27'0"W |
---|---|
Duerchmiesser | 60,7 km |
Genannt no | John Dalton |
Genannt am Joer | 1964 |
Moundvéiereck | LQ10 |
Der Krater gouf 1964 offiziell vun der IAU nom brittesche Cheemiker John Dalton genannt.