En Niewekrater (englesch satellite feature) ass an der astronomescher Nomenklatur vum Mound e Krater, deem säin Numm vun engem bekannte Krater deen a senger Noperschaft läit ofgeleet ass. Säin Numm besteet deemno aus dem Numm vun deem Krater un deen e laténgesche Groussbuschtaf bäigesat gëtt. Beispill: de Ptolemaeus B an der Noperschaft vum Krater Ptolemaeus.

De grousse Krater gëtt och Haaptkrater (englesch parent feature) genannt.

Moundkrater Aristarchus an d'Noperschaft mat sengen néng Niewekrateren

Geschicht änneren

D'Bezeechnungsform gouf vum Wilhelm Beer a vum Johann Heinrich Mädler an hirer Mappa selenographica agefouert, fir méi kleng, bis dohin onbenannt Uewerflächestrukturen ze benennen, woubäi aus Plazgrënn nëmmen de Buschtaf op der Kaart notéiert war. D'Zouuerdnung hat sech doraus erginn, datt de Buschtaf am Haaptkraterrand positionéiert war, e System, dat spéider Ulass zu Ongenauegkeet an Duerchernee ginn huet.[1],[2]

Dës Onkloerheete goufe vu Blagg et al. 1935 behuewen, déi am Optrag vun der Commission 16 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) d'Nomenklatur vereenheetlecht hunn a weider Kratere mat Buschtawe bezeechent hunn, woubäi deelweis och Duebelbuschtawe gebraucht goufen. Zousätzlech goufen Hiwwele mat griichesche Buschtawe bezeechent.

Déi Method gouf am System of Lunar Craters vum Lunar and Planetary Laboratory op der University of Arizona weidergefouert, woubäi all Krater vun der äerdzougedréiter Säit mat iwwer 3,5 km Duerchmiesser en Numm krut.[3]

1973 hat d'IAU beschloss, datt Benennunge mat Buschtawen an Zukunft duerch Benennungen no verstuerwene Persoune schrëttweis ersat sollte ginn.[4] Dësen Ëmbenennungsprozess hat nëmme ganz lues Fortschrëtter an d'Aarbecht vun der deemoleger Task Group for Lunar Nomenclature (TGLN) gouf vu Selenographe wéinst Onkloerheete weider kritiséiert.[5] Trotzdeem goufe bis 2006 nëmmen ëmbenannte Kratere mat der zousätzlecher Ugab vum Buschtaf an den offizielle Quelle vun der IAU agefouert. Zanterhier gëllen och déi ronn 7000 Niewekraterbezeechnungen als offiziell a komme beispillsweis am Gazetteer of Planetary Nomenclature vun der IAU vir.

Well déi offiziell Nomenklatur vum Äerdmound no 1973 keng Fortschrëtter gemaach huet, gouf d'Aarbecht vun der NASA weidergefouert, virun allem well vill Kratere vu wëssenschaftlechem Interessi op der Moundrécksäit nach net benannt waren. Bei dëse Beméiunge goufen och aner intresséiert Gruppen a Persounen an de Lunar Photography and Cartography Committee (LPACC) abezunn. D'Aarbecht hat zu der 1982 publizéierter NASA-RPC-1097 vun Andersson a Whitaker gefouert. Dora goufen Niewekraterennimm fir vill Kratere vun der Moundrécksäit uginn, woubäi follgende System Gebrauch fonnt huet: Den Haaptkrater ass Zentrum vun enger 24-Stonnen-Auer mat 12 Auer am Norden, woubäi de Stonnen déi laténgesch Buschtawe mat Ausnam vun I an O entspriechen. Niewekrater ginn dann entspriechend nom Stonnefeld benannt, an deem se leien. Ausserdeem goufen all Benennunge mat Duebelbuschtawe fale gelooss.[6] An der Nomenklatur vun der IAU goufen e puer Benennunge mat Duebelbuschtawen awer bäibehalen.

Sonnerfäll änneren

Historesch bedéngt sinn a e puer rare Fäll d'Haaptstrukture keng Aschlagkrateren, mä aner Strukturen, entweeder Bierger oder Gebiergszich:

Beim Krater Gerard gëtt et déi anenee gelagert Niewekrateren Gerard Q Inner an Gerard Q Outer.

Literatur änneren

  • Ewen A. Whitaker: Mapping and naming the moon. A History of Lunar Cartography and Nomenclature. Cambridge 1999, ISBN 0-521-62248-4, S. 171ff
  • Leif E. Andersson, Ewen A. Whitaker: NASA catalogue of lunar nomenclature. NASA reference publication 1097. National Aeronautics and Space Administration, Scientific and Technical Information Branch, Washington D.C. 1982.
  • Mary A. Blagg, K. Muller, W. H. Wesley, Samuel Arthur Saunder, Julius Heinrich Georg Franz: 1935. Named lunar formations. 2 Bde. P. Lund, Humphries & Co, London 1935.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren


Referenzen änneren

  1. Wilhelm Beer, Johann Heinrich Mädler: Mappa selenographica totam Lunae hemisphaeram visibilem complectens observationibus propriis secundum projectionem orthographicam quartuor sectionibus constructa et delineata. Schropp, Berlin 1834.
  2. Wilhelm Beer, Johann Heinrich Mädler: Der Mond nach seinen kosmischen und individuellen Verhältnissen oder allgemeine vergleichende Selenographie. Mit besonderer Beziehung auf die von den Verfassern herausgegebene Mappa Selenographica. Schropp, Berlin 1837.
  3. Arthur, Agnieray, Horvath, Wood, Chapman: The System of Lunar Craters - Quadrant I. In: Communications of the Lunar and Planetary Laboratory 30, 1963, S. 75ff, online
  4. „Craters previously designated by Roman capital letters will progressively be assigned new and distinctive names.“ Resolution on Lunar Nomenclature, Punkt 5 in: Transactions of the International Astronomical Union XV B, General Assemmbly Sydney 1973 online
  5. Whitaker: Mapping and naming the moon. 1999, S. 179-184
  6. Whitaker: Mapping and naming the moon. 1999, S. 184f