Als Moundrill ginn an der Geologie a Planetologie laang schmuel kanalaarteg Déiften um Äerdmound bezeechent. Op der Äerd géif een änlech Formatiounen als Grief bezeechnen, mä fir de Mound hat sech d'Bezeechnung Rima (pl.:Rimae) etabléiert[1]. Et gëtt tëscht dräi Aarte vu Rillen ënnerscheet:

  • Laanggestreckt Rille sinn duerch geologesch Stéierungen entstanen. Se si meeschtens e puer dausend Meter breet, Honnerte vu Kilometer laang a bis zu 400 Meter déif.
  • Gedréit Rillen erënneren u Lavastréim oder Flossbetter. Op den Enner vun dësen e puer honnert Kilometer laange Rille fënnt een dacks Lächer déi Kratere gläichen[2].
  • Boufërmeg Rillen. Hiert Entstoe gëtt verstengerte Lavastréim zougeschriwwen. D'Fuerschung ass sech dees awer nach net sécher.
D'Hadley-Rill gouf wärend der Apollo 15 MIssioun méi genee ënnersicht.

Déi bekanntst Moundrille sinn:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. http://www.astrolink.de/p012/p01204/p01204150000.htm
  2. Archive copy Archivéiert op 2007-09-28. Gekuckt de(n) 2011-10-20.
  3. Fotoe dësen dräi drei Rillen Archivéiert op 2005-01-01. Gekuckt de(n) 2011-10-20.