Geographesch Längt
D'geographesch Längt (och: „Längegrad“), λ, international mat long. (longitudo = lon., longitude = engl., frz. etc. „Längt“) ofgekierzt, beschreift eng vun de béide Koordinate vun enger Plaz op der Äerduewerfläch, an zwar seng Positioun ëstlech oder westlech vum Nullmeridian. Si gouf fréier als Längegrad bezeechent. Déi geographesch Längt ass e Wénkel, dee vum Nullmeridian aus (0°) bis 180° an ëstlecher an 180° a westlecher Richtung gemooss gëtt. De Scheetpunkt vun dësem Wénkel ass de Mëttelpunkt vun der geduechter Äerdkugel, d'Schenkele gi vum Mëttelpunkt aus duerch de Nullmeridian resp. de Meridian, op deem d'Plaz läit, deem seng geographesch Längt ugesot soll ginn. Amplaz vum Virzeechen (traditionell +Ost, −West) ass och E resp. W zoulässeg (d'Ofkierzung "O" gëtt wéinst der Verwiesselungsgefor ënnerlooss).
- Plaze mat der selwechter Längt leien op engem Meridian. E Meridian verleeft vu Pol zu Pol an ass d'Hallschent vun engem Längtekrees. Op der Äerdkugel e Längtekrees e Grousskrees deen aus zwéi Meridiane besteet déi sech vis-à-vis leien.
- Fir d'Bestëmmung vun engem Punkt op der Äerduewerfläch – zu derr Bezeechnung vu senger geographescher Lag – gëtt zousätzlech d'Angab vu senger geographescher Breet als zweet Koordinate gebraucht.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Dava Sobel: Längengrad. Taschenbuch ISBN 3-442-72318-3 (Illustrierte Ausgabe ISBN 3-8270-0364-4)
Um Spaweck
ännerenCommons: Longitudes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (de) Längten- a Breetegrade einfach erkläert
- Amtliches Geodatenzentrum für Deutschland
- www.geonames.org 6,1 Mio. freie Geodaten weltweit
- Abbildung Geographische Länge und Breite
- Konferenz-Protokoll von Washington 1884
- Geographische Koordinaten für Orte auf der ganzen Welt
- Arte – Mission X: Entscheidung Längengrad