Van-der-Vekene-Haus am Gronn

D'van-der-Vekene-Haus am Gronn ass en asymmetrescht Gebai am Wénkel vun der Sosthène-Weis-Strooss an der Plaetisgaass am Quartier Gronn an der Stad Lëtzebuerg. Dat haitegt Gebai op Nr. 2 vun der Sosthène-Weis-Strooss (Neie Wee) huet fréier aus zwee Haiser bestanen (Nr. 2 a 4), déi ëm 1862 zesummegeschloe goufen.

Van-der-Vekene-Haus am Gronn
Land Lëtzebuerg
D'Van-der-Vekene-Haus am Neie Wee am Gronn (September 2012).
Haaptentrée vum Gebai.
Vue aus der Plaetisgaass (2009).

D'Haus steet, zesumme mat deem op Nummer 7, an den Nummere 15 a 17 an der Plaetisgaass, zanter dem 28. Juli 1989 als nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[1]

Geschicht änneren

D'Gebai huet den Numm vun enger aler flämescher Famill vu Mechelen. Den Alexandre Constantin van der Vekene de Berent[2] huet sech no sengem Bestietnes mat der Suzanne Reinard am Joer 1756 an deem Haus am Gronn néiergelooss.[3] Der Suzanne Reinard hire Papp, den Händler Jean Adam Reinhard, hat et ëm 1700 opriichte gelooss.[4] D'Famill van der Vekene huet bis ongeféier 1939 am Haus gewunnt a war bis 1965 Besëtzer bliwwen, wéi se de 14. Juli d'Haus dem Staat verkaaft huet.

D'Haus ass tëscht 1966 an 1968 ënner dem Bauteminister Albert Bousser renovéiert ginn a gouf am Juni 1969 der Union grand-duc-Adolphe als Sëtz zur Verfügung gestallt.[5] Bei de Renovéierungsaarbechte gouf d'Skulptur vum hellegen Änder aus senger Niche iwwer der Haaptentrée ofmontéiert. D'Konschtwierk aus Nëssert aus dem 18. Joerhonnert gëtt zanterhier am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht um Fëschmaart versuergt.[6]

2007 ass d'UGDA op Stroossen geplënnert an zanterhier ass d'Haus de Sëtz vum INECC Lëtzebuerg a vum Commissaire à l'enseignement musical vum Kulturministère.

Besëtzer vum Haus änneren

  • 1787: Jean Mathieu Bogaerts-Charlotte Henriette Walburge van der Vekene;
  • 1831: Hermann Joseph Kessler - Joséphine Jeanne Bogaerts;
  • 1862: François Mathieu Léon van der Vekene;
  • 1935: François Marie Léon van der Vekene - Marie Lucie Kolbach.

Illustratiounen änneren

Literatur änneren

  • Schumacher, Henri, 2007. Les sièges fédéraux. Die UGDA-Familie, ein fahrendes Folk. Revue musicale 3: 7-10. PDF
  • Van der Vekene, Émile, 2009. L'ancienne Maison van der Vekene au Grund. Essai iconographique. Hémecht: Zeitschrift für Luxemburger Geschichte Jg. 61 (H. 3): 403-424.
  • van der Vekene, Émile: Ein altes Haus in Luxemburg-Grund und seine künstlerischen Darstellungen, Luxemburg, 2015,

Um Spaweck änneren

Commons: Maison Van der Vekene (Luxembourg City) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Den Alexandre war en Nokomme vum Jean van der Vekene, deen den 11. Oktober 1656 duerch Patentbréiwer vum Philippe IV. geadelegt gouf. Deem säi Fils Marc huet d'Enkelin vum Pierre Paul Rubens bestuet. Quell: http://wiesel.lu/heraldik/wappenkunde/datenbank/vvv/vekene/.
  3. Quell: http://wiesel.lu/heraldik/wappenkunde/datenbank/vvv/vekene/
  4. Cf. van der Vekene 2009: 403 an der Literatur.
  5. Cf. Schumacher 2007 an der Literatur.
  6. D'Holzskulptur ass 44,6 × 24,7 cm grouss an huet d'Inventarnummer 1966-D/001.