Sosthène-Weis-Strooss
D'Sosthène-Weis-Strooss, och nach Neie Wee, offiziell rue Sosthène-Weis, ass eng Strooss déi de Stadgronn mam Pafendall verbënnt.
Numm |
lb: Neie Wee fr: Rue Sosthène-Weis |
---|---|
Fréieren Numm |
fr: Rue Neuve (bis 1925)[1], rue des Rochers |
Längt | ca. 855 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Gronn, Pafendall |
Postcode | 2722 |
Koordinaten |
49° 36’ 39.2’’ N 06° 08’ 07.3’’ O |
Genannt no | Sosthène Weis |
Si fänkt un op enger Gafelung mam Gronnbierg (Montée du Grund) an der Plaetisgaass, geet dann, ënne laanscht d'Sandsteefielsen an d'Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch an dann op der Pafendaller Säit laanscht den Hang erof bis do, wou se mat der Laurent-Menager-Strooss, dem Pafendaller Bierg an dem Päerdswee zesummekënnt.
D'Van-der-Vekene-Haus ass e bekannt Haus wat direkt um Ufank vun der Sosthène-Weis-Strooss am Gronn läit.
Fréier Nimm
ännerenDéi eelst Bezeechnung vun der Sosthène-Weis-Strooss war Neie Wee, offiziell rue Neuve. 1925 gouf den Numm op Felsenstrasse / rue des Rochers geännert, an eréischt 1946[2] gouf d'Strooss nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941) genannt.[3]
Literatur
änneren- Van der Vekene, Émile, 2009. "L'ancienne Maison van der Vekene au Grund. Essai iconographique." In: Hémecht: Zeitschrift für Luxemburger Geschichte Jg. 61 (H. 3), S.403-424.
Fotoen
änneren-
D'Van-der-Vekene-Haus an der Sosthène-Weis-Strooss (2012).
-
Um Stroosseschëld huet d'Stad Lëtzebuerg de Kënschtler ee Joer méi laang liewe gelooss.
Um Spaweck
ännerenCommons: Sosthène-Weis-Strooss – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
- ↑ Decisioun vum Stater Gemengerot vum 29.Dezember 1945.
- ↑ Cf. van der Vekene 2009:403 an der Literatur.
- ↑ Quell: Syndicat d'Intérêts Locaux Pfaffenthal-Siechenhof (SILPS), fir d'lescht gekuckt de 6. September 2015