Institut européen de chant choral Luxembourg
(Virugeleet vu(n) INECC Luxembourg)
Den Institut européen de chant choral Luxembourg, ofgekierzt INECC Luxembourg, ass eng op de Gesank spezialiséiert Museksschoul mat Sëtz am Van-der-Vekene-Haus am Gronn an der Stad Lëtzebuerg. D'INECC huet eng Schwësterorganisatioun a Loutrengen ënner dem Numm INECC Mission voix lorraine.


Missiounen
ännerenAn Zesummenaarbecht mat dem Kulturministère an der Stad Lëtzebuerg gëtt versicht, follgend Missiounen z'erfëllen:
- Aus- a Weiderbildung souwuel vum Amateur wéi och vum Professionellen;
- Begleedung vu Sänger oder Gesanksensemblen, déi um Sprong op e professionellen Niveau sinn;
- Begleedung vun zukünftege Formateuren;
- Zesummenaarbecht mat verschiddene musikalesche Strukturen;
- Fërdere vun alle musikalesche Repertoiren an alle Stiler aus allen Zäitalteren;
- Fërdere vun der musikalescher Kreatioun;
Verwaltungsrot
änneren- Jean-Marie Kieffer, President[1]
- Colette Flesch, Vizepresidentin
- Marco Batistella, Tresorier
- Marc Meyers, Sekretär
- Luc Eicher, Member
Direktioun
änneren- Camille Kerger, Direkter
- Chantal Grandclair, administrativ a finanziell Direktesch
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenNotten
änneren- ↑ Erna Hennicot-Schoepges war bis am Fréijoer 2012 Presidentin vum INECC Lëtzebuerg.