Kierch Useldeng
D'Kierch zu Useldeng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Useldeng gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vun Useldeng (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Useldeng | |||
Par | Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péitrus | |||
Architekt(en) | Jean-Pierre Knepper | |||
Baujoer | 1900 | |||
Koordinaten | 49° 46’ 3.9’’ N 5° 58’ 45.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Péitrus, deem säi Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.
Se steet op der Kräizung vun der Kierchestrooss (rue de l'Église) mat der Areler Strooss (route d'Arlon), der N24, net wäit vun der Useldenger Buerg.
Geschicht
ännerenD'Kierch gouf 1900 no Pläng vum Architekt Jean-Pierre Knepper gebaut.
Bis zum 7. Mee. 2017 war et d'Parkierch vun der Par Useldeng, déi zum Parverband Biekerech-Useldeng, zu der Pastoralregioun Zentrum an zum Dekanat Osper gehéiert huet. Zur fréierer Par Useldeng huet ausser der Parkierch och nach d'Filialkierch vu Rippweiler gehéiert.
D'Kierch vun Useldeng huet e schéine barocken Tabernakel vum Michel Weiler an en Triptychon aus dem Atelier Jungblut vu Réimech. Se huet eng Klack, déi am Schlagtoun La laut.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Useldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Atertdall Sainte-Claire
- D'Fënstere vun der Kierch vun Useldeng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op der Websäit orgues.lu
-
Bléck op d'Kierch vum Buergfrid vun der Useldenger Buerg
-
D'Kierch aus ëstlecher Richtung gesinn