Universiteit Leiden
D'Universitéit Leiden (hollännesch Universiteit Leiden, fréier Rijksuniversiteit Leiden) gouf am Joer 1575 zu Leiden gegrënnt; si ass déi eelst Universitéit vun Holland.
Universiteit Leiden | |
---|---|
Typ | Universitéit |
Land | Holland |
Uertschaft | Leiden, Den Haag |
Schülerzuel | 27.713 |
2017 | |
Gegrënnt | 8. Februar 1575 (julianesch) |
Um Spaweck | https://www.universiteitleiden.nl/ |
Geschicht
ännerenD'Universitéit Leiden gouf vum Wilhelm I. von Nassau-Oranien e puer Méint nom Enn vun der Belagerung vun der Stad duerch spuenesch Truppen am Achtzegjärege Krich den 8. Februar 1575 gegrënnt. Si war domat déi éischt Universitéit vun der wéineg Joer spéider gegrënnter Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen. Zesumme mat der Universitéitsbibliothek Leiden huet si sech séier zum wëssenschaftlechen Zentrum vum Land entwéckelt an ass zesumme mam protestantesche Geescht vun der Republik eng Grondlag fir d'Fuerschungsfräiheet an der Universitéit, entspriechend hirem Motto: Praesidium Libertatis (Bollwierk vun der Fräiheet). 1633 gouf den Observatoire Leiden ageweit, eng vun den eelsten Universitéitsobservatoire vun der Welt.
Wärend dem Zweete Weltkrich gouf d'Universitéit vun der däitscher Besatzungsmacht zougemaach, nodeem do Protester géint d'Ofsetze vu jiddesche Mataarbechter ausgebrach waren.
Haut ass d'Universitéit Leiden déi traditionell Ausbildungsplaz vun der hollännescher Kinneksfamill.
Fakultéiten
ännerenD'Universitéit Leiden bréngt zur Zäit 9 Fakultéiten ënner:
- Fakultéit vun der Archeologie,
- Fakultéit vun den Droit,
- Fakultéit vun der Mathematik an de Naturwëssenschafte,
- Fakultéit vun der Medezin,
- Fakultéit vun der Philosophie,
- Fakultät vun de Sozialwëssenschafte,
- Fakultéit vun der Theologie,
- Fakultéit vun der Konscht,
- Fakultéit vun der Literatur an de Sproochen.
Am Wantersemester 2002/2003 hat d'Héichschoul 15.352 Studenten an huet ronn 3.000 Employéë beschäftegt.
Perséinlechkeeten (eng Auswiel)
änneren- John Quincy Adams (1767–1848), 6. US-President
- Bernhard Siegfried Albinus (1697–1770), däitsche Medezinner
- Johann Friedrich Bachstrom (1686–1742), polnesche Theolog
- Herman Boerhaave (1668–1738), hollännesche Medezinner
- Thomas Browne (1605–1682), englesche Philosoph
- Albert Einstein (1879–1955), däitsche Physiker an Nobelpräisdréier
- Hugo Grotius (1583–1645), hollännesche Philosoph
- Andreas Gryphius (1616–1664), bedeitenden däitsche Sonettdichter (Barock)
- Paul Hermann (1646–1695), däitsche Medezinner a Botaniker
- Johan Huizinga (1872–1945), hollännesche Kulturhistoriker
- Christiaan Huygens (1629–1695), hollänneschen Astronom a Mathematiker
- Heike Kamerlingh Onnes (1853–1926), hollännesche Physiker
- Martin Opitz (1597–1639), däitsche Sproochwëssenschaftler (Barock)
- Justus Lipsius (1547–1606), hollännesche Philosoph
- Hendrik Antoon Lorentz (1853–1928), hollännesche Mathematiker
- Karl Martin (1851–1942), däitsche Geolog a Paleontolog
- Jan Hendrik Oort (1900–1992), hollänneschen Astronom
- Kinnigin Beatrix vun Oranien-Nassau (* 1938)
- Kinnigin Juliana vun Oranien-Nassau (1909–2004)
- Prënz Willem-Alexander vun Oranien-Nassau (* 1967)
- Anton Pannekoek (1873–1960), hollänneschen Astronom a Rätekommunist
- Rembrandt van Rijn (1606–1669), hollännesche Moler
- Joseph Justus Scaliger (1540–1609), franséischen Humanist
- Reimar Schefold (* 1938), Schwäizer Anthropolog
- Willem de Sitter (1872–1934), hollänneschen Astronom
- Willebrord van Roijen Snell (Snellius) (1580–1626), hollänneschen Astronom a Mathematiker
- Jan Tinbergen (1903–1994), hollännesche Wirtschaftsnobelpräisdréier
- Nikolaas Tinbergen (1907–1988), hollänneschen Etholog
- Johannes Diderik van der Waals (1837–1923), hollännesche Physiker
- Pieter Zeeman (1865–1943), hollännesche Physiker
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Universitéit Leiden – Biller, Videoen oder Audiodateien |