Den Observatoire Leiden gouf 1633 als Observatoire vun der Universitéit Leiden gebaut an ass domat den eelsten Universitéitsobservatoire vun der Welt. An den éischte béide Joerzéngte gouf den Onservatoire virun allem fir Ausbildungszwecker agesat. 1861 gouf en neien a méi groussen Observatoire ënner der Leedung vum Frederik Kaiser gebaut, haut bekannt ënner der Bezeechnung Oude Sterrewacht.

Oude Sterrewacht ‚Aalen Observatoire‘ zu Leiden
Jan-Hendrik-Oort-Gebai

Den Observatoire Leiden hat vill Direktere vu Weltruff, z. B. Frederik Kaiser, Willem de Sitter, Ejnar Hertzsprung a Jan Hendrik Oort.

Weider berüümt Astronomen am Observatoire Leiden waren Hendrik Antoon Lorentz, Jacobus C. Kapteyn an Hendrik Christoffel van de Hulst.

Am Joer 1974 ass den Observatoire an den Huygens-Laboratoire geplënnert, an viru kuerzem an dat neit J.-H.-Oort-Gebai. Den Numm Observatoire Leiden (nl. Sterrewacht Leiden) ass bliwwen.

Direkter ass aktuell den Tim de Zeeuw.

Um Spaweck

änneren