Achtzegjärege Krich
D'Befreiung vu Leiden den 3. Oktober 1575
Datum 1568 - 1648
Plaz Holland
Belsch
Gibraltar
Kuba
Philippinnen
Resultat Utrechter Unioun
Unioun vun Arras
Westfälesche Fridden
Fridde vu Münster
Kontrahenten
NLDNLD Vereenegt Provënzen  Spuenesch Monarchie

Den Achtzegjärege Krich, och Opstand vun den Nidderlanden oder nach Revolt vun de Geusen (fr. = les Gueux) genannt, war eng Rebellioun, déi 1568 mat der Schluecht vun Heiligerlee ugefaangen huet a bis zum Westfälesche Fridden 1648, mat enger Ënnerbriechung vun zwielef Joer (1609-1621), gedauert huet.

Se gouf géint de spueneschen Absolutismus an Zentralismus vum Herrscher Philipp II. vu Spuenien an de Siwwenzéng Provënze gefouert. Zum Schluss konnte sech déi nërdlech siwe Provënzen, 1581 de facto als Republik vun de Vereenegte Provënzen fir onofhängeg erklären. Dës Onofhängegkeet gouf offiziell awer eréischt 1648 am Kader vum Westfälesche Fridde mam Fridde vu Münster unerkannt.

Literatur änneren

  • Michael Erbe: Belgien, Niederlande, Luxemburg: Geschichte des niederländischen Raumes. Kohlhammer, Stuttgart, Berlin, Köln 1993, ISBN 3-17-010976-6.
  • Anton van der Lem: Opstand! Der Aufstand in den Niederlanden. Wagenbach, Berlin 1996, ISBN 3-8031-2259-7.
  • Peter Limm: The Dutch Revolt, 1559-1648. Longman, London 1989.
  • Schulten Kees, L'indépendance des Provinces-Unies (1559-1659): cent ans de sièges et de guerres, Paris, Economica, 2009.