Leekollen zu Lëtzebuerg

(Virugeleet vu(n) Leeëgrouwen zu Lëtzebuerg)
Luxembourg geo stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lag vun Uewermaartel

Leekolle vun AasselbuerÄnneren

D'Leekolle vun Aasselbuer am Dall vun der Emeschbaach si géint 1880 a Betrib gaangen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Leekolle vun Aasselbuer

Schiferindustrie zu UewermaartelÄnneren

De Schiferofbau zu Uewermaartel léisst sich schonn an d'Zäit ëm d'Franséisch Revolutioun zréckdatéieren. D'Concessiounen am Dall vum haitegen Uewermaartel waren an den Hänn vun e puer Familljebetriber. D'Grouwe ware no hire Besëtzer benannt, ma d'Concessiounen hunn dacks gewiesselt an et war schwéier fir säi Geld an de Kollen ze verdéngen. De Steen ass mat Péckel an Hummer vum Fiels lass geschloe ginn an um Bockel iwwer Leederen an Trapen un d'Dagesliicht bruecht ginn. Maschinne koume keng zum Asaz. Duerch den Zollverein 1842 ass mat der Orientéierung Richtung däitsch Ofsazmäert wirtschaftlech en neie Moment entstanen. Déi kleng Familljebetriber hu sech ee Partner gesicht fir hir Produkter an Däitschland ofzesetzen. Ënner dem Label „Obermoselschiefer“ sinn hir Leeë vermaart ginn.

Enn vum 19. Joerhonnert waren d'Kollen am Dall an den Hänn vun e puer Familljen. D'Famill Kuborn vu Maartel war Besëtzer vun enger Grouf op der Schmühle awer och op der Fooscht. D'Famill Nanquette, déi mat der franséischer Revolutioun an d'Géigend koum, hat och Grouwen op der Fooscht, déi se deelweis zréck kaaft hat vun der Famill Rosset, enger Notairesfamill vun Arel. D'Famill Collet hat eng Grouf ganz no un der haiteger Grenz zur Belsch. Op hirem Schifertipp leien haut Deeler vum Parc genee sou wéi d'Villa Rother an de Juegdchalet.

Eréischt no 1880 sollten déi éischt vertikal Schachter, ugedriwwe vun Dampmaschinnen, benotzt ginn. Déi kleng Familljebetriber haten awer net dat néidegt Kapital fir z'investéieren. Ëm 1890 si lues a lues all d'Grouwe vum däitsche Vertrieder, der finanzkräfteger Handelsfirma Rother vu Frankfurt opkaaft an iwwerholl ginn. Aus eenzele Parzellen a Konzessiounen ass ee groussen Industriesite am Dall entstanen: d'Leekolle vun Uewermaartel. D'Firma Obermosel Dachschiefer- und Plattenwerke, Obermartelingen ass 1908 vun der Famill Rother gegrënnt ginn.

En entscheedende Facteur an der Entwécklung vum Site vun Uewermaartel war de Jangeli, d'Schmuelspurbunn (1.000 mm) aus dem Kanton Réiden, duerch déi de Site ab 1890 mat enger eegener Gare un d'Schinnenetz ugebonne war. D'Transportméiglechkeeten zu Uewermaartel -och wann den Transport mam Jangeli käschtenintensiv war- hunn den Ausschlag dofir ginn, datt déi däitsch Firma bis 1914 all hir kleng Grouwen ëm Pärel, Holz an der Roumecht/Maartel, déi net un d'Schinnenetz ugebonne waren, zougemaach huet fir sech op den Ofbau vu Schifer zu Uewermaartel ze konzentréieren.

 
Reklammsblad vun den Ardoisières de Haut-Martelange s.a., tëscht 1923 a 1938; Fonds Amis de l'Ardoise

Den Héichpunkt vun der lëtzebuergescher Schiferindustrie war am Ufank vum 20. Joerhonnert erreecht, wou eng 600 Aarbechter an de Grouwe geschafft hunn. Nieft de Leeën fir op den Dag war de Site awer och nach fir seng Veraarbechtung vu grousse Schiferplacke bekannt. A senger Scierie stoungen all d'Maschinne fir Schifersteng ze schneiden, ze schläifen, ze fräsen, ze huwwelen asw. Aus Italien, Frankräich an der Belge gouf deelweis Schifer mat spezielle Qualitéiten importéiert fir zu ganz ënnerschiddlecher Produkter weider ze verschaffen (Billardsdëscher, Grafsteng, Monumenter, Urinoiren...).

1923 ass déi däitsch offen Handelsgesellschaft an eng lëtzebuergesch Gesellschaft mat Sëtz zu Uewermaartel ëmgewandelt ginn: les Ardoisières de Haut-Martelange s.a.. Och den Haaptwunnsëtz vun der Famill Rother ass vu Frankfurt op Uewermaartel verluecht ginn. 1956 ass dee leschte Schifer zu Uewer-Maartel ofgebaut ginn, dëst aus enger Déift vun 168m. Weiderhin ass de Schifersteen op engem zweete Site, op der Roumicht, ofgebaut an zu Leeë verschafft ginn, ma d'Scierie zu Uewer-Maartel ass nach bis 1986 a Betrib gewiescht. D'Verbreedung vum Eternit, mä och d'Konkurrenz aus Spuenien a Portugal hunn dozou gefouert datt zanter dem leschte Weltkrich d'Schiferindustrie an ëmmer méi schlecht Dicher koum. Nom Doud vum Christiane Rother, der leschter direkter Besëtzerin zu Uewermaartel, ass 1986 déi lescht Grouf an der nach Schifer ofgebaut gouf zougemaach ginn an Uewermaartel als Sëtz vun der lëtzebuergescher Schiferindustrie mat hir.

Nodeem d'Gemeng Rammerech 1993 de Site vun Uewermaartel mat der Vokatioun opkaaft hat, ee Schifermusée opzebauen, gouf de Lëtzebuerger Staat 2003 Proprietär vun Uewermaartel. D'Leekolle vun Uewermaartel goufen de 17. Mee 2000 als Inventaire supplémentaire op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Säit hirer Grënnung 1992 setze sech d'Frënn vun der Lee asbl dofir an, de materielle wéi och immaterielle Patrimoine vun de Leekollen z'erhalen an engem breede Publikum de Site vun Uewermaartel, dee nach a senger quasi Integralitéit erhalen ass, op eng lieweg Aart a Weis zougänglech ze maachen.

Leekoll Rosset zu UewermaartelÄnneren

Leekoll Kuborn zu UewermaartelÄnneren

Leekoll Nanquette zu UewermaartelÄnneren

Leekoll Werhahn zu PärelÄnneren

Leekoll Cahen zu PärelÄnneren

Obermosel Dachschiefer- und Plattenwerke August Rother und Erben Carl RotherÄnneren

Den Transport mam JangeliÄnneren

Leekoll Schönbrunn op der RoumichtÄnneren

Les Amis de l'ArdoiseÄnneren

Beschreiwung vun de Frënn vun der Lee

Den Henry Ford-PräisÄnneren

De MuséeÄnneren

Fir ze kuckenÄnneren

De Kuerzfilm vum René Leclère vun 1938 Ardoises. Format 35 mm, Ratio 1:1,37, schwaarz-wäiss, 12 Minutten, 332 m. Première am Kino Marivaux den 23. September 1938.

Um SpaweckÄnneren