Tschingis Aitmatow

kirgisesche Schrëftsteller an Diplomat
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Tschingis Torekulowitsch Aitmatow[1] (Чингиз Торекулович Айтматов), gebuer den 12. Dezember 1928 zu Scheker am Talas-Dall am Kirgisistan, a gestuerwen den 10. Juni 2008 zu Nürnberg[2], war e kirgisesche Schrëftsteller an Diplomat. Hien huet haaptsächlech op Russesch geschriwwen.

Tschingis Aitmatow
Gebuer 12. Dezember 1928
Scheker
Gestuerwen 10. Juni 2008
Nürnberg
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Sowjetunioun, Kirgisistan
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Journalist, Iwwersetzer, Romancier, Dréibuchauteur, Science-Fiction-Schrëftsteller, Schrëftsteller, Prosaist
Partei Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun
Member vun Schrëftstellerverband vun der UdSSR
En Autogramm vum Aitmatow

Den Aitmatow a Lëtzebuerg änneren

Den Tschingis Aitmatow war vun 1990 bis 1991 de leschten Ambassadeur vun der Sowjetunioun zu Lëtzebuerg. Duerno war hie vun 1991 bis 1994 Ambassadeur vun der Russescher Federatioun a vun aneren COS-Staaten[3] zu Lëtzebuerg. Vun 1995 bis am Mäerz 2008 war hien Ambassadeur vum Kirgisistan bei der EU, der NATO, der UNESCO a fir d'Benelux-Staaten.

Säi Wierk änneren

A senge Wierker, déi a ronn 150 Sproochen iwwersat goufen, huet hie reegelméisseg Mythen aus senger kirgisescher Heemecht agebonnen[4].

Op der däitschsproocheger Wikipedia fënnt een eng Opstellung vun senge Wierker.

Säi wuel bekanntst Wierk, d'Novell Djamila (resp. Dshamilja oder Jamila) aus dem Joer 1958, gouf 1959 vum Louis Aragon op Franséisch iwwersat, wat den Aitmatow weltwäit bekannt gemaach huet. Am Virwuert schreift den Aragon, et wier déi schéinst Libesgeschicht op der Welt. Djamila ass an der Sproocherevue Novyj Mir op Russesch publizéiert ginn, gouf dunn am selwechte Joer 1958 och nach ënner dem Titel "Melody" op Kirgisesch publizéiert.

Nom him genannt änneren

Fir un den Aitmatow z'erënneren, gouf zu Beggen eng Strooss no him genannt: d'Rue Chingiz Aitmatov.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Fir dem Aitmatov säin Numm gëtt et verschidden Transkriptiounen an d'laténgescht Alphabet, z. B. Tchinguiz Aïtmatov am Franséischen oder Chinghiz Aitmatov am Engleschen.
  2. tageblatt.lu den 10. Juni: Décès de l'écrivain soviétique Tchinghiz Aïtmatov
  3. Länner déi der Communautéit vun Onofhängege Staaten ugehéieren, cf. Gemeinschaft Unabhängiger Staaten (de)
  4. Die "Stimme Kirgistans" / Der Schriftsteller Tschingis Aitmatow erlag in Nürnberg den Folgen einer Lungenentzündung. Luxemburger Wort, Kultur/La vie culturelle, 11. Juni 2008: 13.

Um Spaweck änneren

Commons: Tschingis Aitmatow – Biller, Videoen oder Audiodateien